Viru fënnef Joer huet de Michael Gielen sech aus Altersgrënn vum Dirigentepodium zeréckgezunn. Iwwer een halleft Joerhonnert laang hat de Gielen, de grousse Bewonnerer vum Bach, sech fir d'Avantgarde agesat a war stänneg op der Sich no der Wourecht hanner den Nouten. Enn der Woch ass den Dirigent am Alter vun 91 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios