D'Fleet Street, déi bekannt Strooss vun der britescher Press an der City of London, huet hiren Numm vum Floss Fleet, deen haut gréisstendeels ënnerierdesch kanaliséiert ass. Am Kader vum Tête-à-tête Opera Festival 2018 huet d'Catherine Kontz sech op d'Spuer vum River Fleet gemaach an zesumme mat der Schrëftstellerin Sarah Grange e "sonic walk" entwéckelt, dee si beim Quattropole-Musekspräis presentéiert huet.
https://noutefabrik.bigcartel.com/product/fleetfooting