Am September wëllt den Tréierer Konzertchor dem Hans Pfitzner seng Kantat "Von deutscher Seele" op een Text vum Joseph von Eichendorff opféieren. Organisateur ass de Richard-Wagner-Verband Tréier-Lëtzebuerg, deen dëse Concert am Kader vum 150. Gebuertsdag vum Komponist geplangt huet. Elo gëtt et awer keng ëffentlech Sue fir dëse Projet, wéinst dem Komponist Hans Pfitzner, deen Antisemit war.
arrow_back_ios