Déi däitsch-franséisch Kulturtelevisiounschaîne ARTE huet dës Joer iwwer de Summer d'Fräiheet als Schwéierpunkt, ënner der Iwwerschrëft Summer of Freedom. An deem Kontext weist ARTE muer den Owend (7.7.) vun 5 op 10 un den éischten Deel vun der Museksdokumentatioun "Summer of Freedom-Soundtrack der Freiheit". Et ass souzesoen eng Zäitrees duerch Geschicht vu Lidder, déi d'Geschicht kéinte verännert hunn. De Jean Claude Majerus proposéiert dëse Museksdocumentaire als Tipp, mat natierlech ville Lidder.
arrow_back_ios
Kultur
Summer of Freedom-Der Soundtrack der Freiheit
Episoden
Filmkritik: "Volveréis"
Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie gouf de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.
Op der Bün: "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam"
Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren haut déi dräi Theaterstécker "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam".
Philharmonie: Saison 25/26
En Iwwerbléck iwwer d'Schwéierpunkten: Leading Figures, Une Saison inédite pour notre orchestre, Les récits du monde, Openess. Collaboration.
Am Gespréich mam Maz a Julien Primout
De Curateur an den Organisateur iwwer déi véiert Oplag vum Messtival

Rethinking photography mat Serge Ecker a Patrick Galbats
D’Fotoexpoen “Murmurare” a “Mémoires de fortune” zu Diddeleng

Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.

Jonk sinn am 21. Joerhonnert
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen.

"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"
De Lëtzebuerger Ensembel Ars Nova Lux feiert säin 10. Gebuertsdag mat engem Concert an der Philharmonie. Um Programm: vill Lëtzebuerger an och international Musek

En neie fotografesche Langage?
Zesummespill tëschent vereelzten an innovative Fototechniken

What a Wonderful World
Ënner deem Titel spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker den 30. Abrëll e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing.

Zum Doud vum Raymond Schaack
“Ech hunn ni gesot, ech sinn e Schrëftsteller, ech hunn ëmmer nëmme gesot, ech sinn e Professer, dee schreift.”

"Mammifères II" vum Pierre Mérot
Ee Roman, deen net méi provokant kéint sinn - a quasi eng Zort Pamphlet géint de Geescht vum politesch Korrekten duerstellt.

Filmkritik: "Black Dog"
E Mann, en Hond, eng quasi Geeschterstad um Bord vun der Gobi-Wüst ... Eng Kritik vum Michel Delage a vum Valerija Berdi

Mam Fokus op d'klassesch Gittar
Fir déi mëttlerweil véiert Editioun gëtt vum 10. bis den 19. Mee de Gittarefestival zu Lëtzebuerg ofgehalen.

Anne-Marie Reuter - Laureatin vum Servais-Präis 2025
"M for Amnesia" - der Schrëftstellerin an Editrice hiren éischte Roman gëtt mam Servais-Präis 2025 ausgezeechent.

Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.

Friddensvisiounen
De Michael Schønwandt iwwer Fridden, perséinlech Begéinungen an e seele gespillte Repertoire. De 27.04 ass den Dirigent zesumme mat der DRP live um radio 100,7 ze héieren.

