Zäithistoriker
Wéi eng konstitutionnell Monarchie?
0 min
D'lescht Joer huet Lëtzebuerg den honnertste Joresdag vun enger wesentlecher Demokratiséierung vun eiser Verfassung gefeiert: der Aféierung vum allgemenge Stëmmrecht - fir groussjäreg Lëtzebuerger Bierger a Biergerinnen - duerch d'Verfassungsrevisioun vun 1919.
D'Fokusséieren, och bei den Historiker, op d'Aféierung vum allgemenge Stëmmrecht huet awer déi, virun 100 Joer geféiert generell Debatten iwwer d'Verfassungsrevisioun an den Hannergrond gedréckt.
Den Zäithistoriker Jacques Maas geet op d'Ëmstänn an d'Bedeitung vun den Ausenanersetzungen ëm déi konstitutionell Monarchie 1918-1919 an.