Zäithistoriker
Black Votes Matter
0 min
Den Demokrat Joe Biden huet d'Presidentschaftswal vum 3. November 2020 zu engem gudden Deel dank der Mobilisatioun vun den Afroamerikaner gewonnen. 90 Prozent vun de schwaarze Wieler hunn him hir Stëmm ginn an him erlaabt d'Majoritéit a kruziale Staaten ze gewannen.
Datt d'Afroamerikaner an extreem héije Proportioune fir d'Demokratesch Partei wielen, ass näischt Neies. Dës Evidenz ass awer de Produkt vun enger historescher Evolutioun. Virun honnert Joer hunn déi allermeescht schwaarz Amerikaner nämlech d'Republikanesch Partei ënnerstëtzt - dem Abraham Lincoln seng Partei. Eng Chronik vum Vincent Artuso.