Zäithistoriker
D'Spueniekämpfer: Pionéier vum antifaschistesche Widerstand
0 min
Firwat soll de Spueniekämpfer, deene fräiwëllege Combattante vu Lëtzebuerg déi tëschent 1936 an 1938 am spuenesche Biergerkrich op Säite vun den Internationale Brigaden géint d'Putschiste vum Generol Franco gekämpft hunn, déi offiziell Unerkennung fir hiren Engagement géint de Faschismus op dem Monument du Souvenir vun der Gëlle Fra refuséiert ginn?
Dës Fro koum an d'Acktualitéit, zanter d'Deputéiert Di Bartolomeo a Biancalana am November vum leschte Joer eng Question parlementaire un de Staatsminister geriicht hunn, an där si d'Demande vun den Amis des Brigades Internationales-Luxembourg (ABIL) opgräifen, déi op Initiativ vum Historiker Serge Hoffmann gefrot hate fir eng Plaquette als Erënnerung un den Engagement vun de Spueniekämpfer um Monument du Souvenir unzebréngen. Déi zwee Deputéiert hunn och op de Prezedenzfall vun der Plaquette fir d'Lëtzebuerger Militär am Koreakrich verwisen, woubäi bis dato net gekläert ass, ënner wéi engen Ëmstänn déi ubruecht gouf.
A senger Äntwert vum 17. Dezember 2020 huet de Staatsminister Xavier Bettel dunn d'Conclusioun aus dem Avis vum Executivcomité vum Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale iwwerholl, an där et heescht, datt et net opportun wier eng weider Plaquette um Monument vun der Gëlle Fra unzebréngen.
Wie waren d'Spueniekämpfer? Wat huet si motivéiert vu Lëtzebuerg aus a Spuenien ze goe fir an den Internationale Brigaden ze kämpfen? Wéi eng Bedeitung huet de Spueniekämpfer hiren Engagement?
Dëse Froe geet den Zäithistoriker Jacques Maas no.