Zäithistoriker
En Tabu ënner villen!
0 min
Viru genee engem Joer huet am Resistenzmusée zu Esch eng vun de leschte gréissere vun de Medie verfollegten historeschen Debatte virum Lockdown de 15. Mäerz 2020 stattfonnt.
Dës Table Ronde hat iwwer 70 Leit an de Konferenzraum vum Musée gezunn. Vun den Intervenanten, 5 Historiker an 1 Publizist, gouf versicht Kloerheet iwwert e noutwennege Sujet ze ginn. Riets ass vun der Matschold oder Täterschaft vun de 14 Lëtzebuerger am Reserve-Polizeibatailloun 101, kuerz RPB 101, um Holocaust. Eng Chronik vum Jéromên Courtoy an der Elisabeth Hoffmann.