Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Talent Stick

play_arrow Live
arrow_back_ios

100,7 LIVE

100komma7.lu / 100,7 LIVE

/ Fête de la musique am Trifolion vun 11 bis 12

Fête de la musique am Trifolion vun 11 bis 12

headphones

0 min

Zesumme mam Kulturhaus an der Abteistad an der Iechternacher Museksschoul hu mir e faarwege musikalesche Programm zesummegestallt, dee vun Jazz iwwer Musek fir Perkussiounsensembel bis Vokalmusek geet.

Vun 11:00 bis 14:00 proposéiere jonk Talenter, Enseignanten aus der Museksschoul an de Vokalensemble Ambitus Musek aus allen Epochen a Stilrichtungen.

Kuerz no 12 Auer geet op enger Table ronde rieds iwwer den Enseignement musical. Wéi war de Museksunterrecht gefuerdert a wéi koum en duerch d'Pandémie? Wat bréngt deen neie Bachelor Enseignement musical, dee vum Hierscht un op der Universitéit Lëtzebuerg offréiert gëtt? Wéi gesäit de Bilan vum Gesetz iwwer den Enseignement musical vun 1992 aus, a wéi steet et mat der Reform, déi nach virun der grousser Vakanz sollt gestëmmt sinn?

Invitéë sinn: d'Nadine Eder, Directrice vun der Iechternacher Museksschoul; d'Micky Thein, Directrice adjointe vun der UGDA-Museksschoul; den Adrien Théato, Direkter vum Conservatoire du Nord an den Eric Falchero, Enseignant am Bachelor vun den Erzéiungswëssenschaften op der Universitéit Lëtzebuerg.

Musek

Episoden

Zeremonie um Kanounenhiwwel

Covid-bedéngt gëtt den offiziellen Akt fir Nationalfeierdag och 2021 nees eng Zeremonie a reduzéiertem Format.
headphones

0 min

Fête de la musique am Trifolion vun 11 bis 12

Vun Jazz iwwer Musek fir Perkussiounsensembel bis Vokalmusek: jonk Talenter, Enseignanten an de Vokalensemble Ambitus proposéiere Musek aus allen Epochen a Stilrichtungen.
headphones

0 min

Briefing nom Regierungsrot: Xavier Bettel & Paulette Lenert

Wéi geet et weider mat de Corona-Restriktiounen iwwer den 31. Januar eraus? Mir iwwerdroen d'Pressekonferenz vum Premier an der Gesondheetsministerin live.
headphones

0 min

Pressekonferenz Xavier Bettel & Paulette Lenert

D'Regierung huet de Moien doriwwer diskutéiert, ob d'Covid-Restriktiounen a verschiddene Beräicher nees kënnen opgehuewe ginn.
headphones

0 min

Pressekonferenz Xavier Bettel & Paulette Lenert

Ass wéinst der Corona-Pandemie en neien haarde Lockdown néideg? Mir iwwerdroe live.
headphones

0 min

Wéi eng Restriktioune fir Chrëschtdag?

D'Regierung huet diskutéiert, bis wéini an a wéi enger Form déi aktuell Restriktioune verlängert ginn. Mir iwwerdroen d'Pressekonferenz nom Regierungsrot live.
headphones

0 min

Pressekonferenz Xavier Bettel - Paulette Lenert

De Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert ginn Informatiounen iwwer den aktuelle Verlaf vun der Corona-Epidemie.
headphones

0 min

Covid-19: Pressekonferenz vu Xavier Bettel a Paulette Lenert

Iwwer den aktuelle Verlaf vun der Covid-19-Krankheet an iwwer déi méiglech nei Mesuren informéieren de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.
headphones

0 min

Corona: Nei Mesuren zu Lëtzebuerg ?

Wéinst der Corona-Epidemie gouf et de Moien en ausseruerdentleche Regierungsrot: De Premier an d'Gesondheetsministerin informéieren iwwer eventuell Decisiounen.
headphones

0 min

Pressekonferenz: Paulette Lenert

D'Gesondheetsministerin informéiert op enger Pressekonferenz iwwer déi aktuell Entwécklung vun der Corona-Epidemie an déi geplangten nei Mesuren.
headphones

0 min

Briefing nom Regierungsrot

Wéinst der Hausse vun de Corona-Neiinfektiounen an den Hospitalisatiounen huet d'Regierung haut nei Mesuren decidéiert. Op enger Pressekonferenz ginn et Detailer.
headphones

0 min

Pressekonferenz nom Regierungsrot

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an der Premier Xavier Bettel informéieren nom ausseruerdentleche Regierungsrot iwwer d'Conclusiounen.
headphones

0 min

Briefing nom Regierungsrot

Live Iwwerdroung vum Briefing nom Regierungsrot mam Premier Xavier Bëttel an der Gesondheetsministerin Paulette Lenert
headphones

0 min

Covid-19: Pressekonferenz vun der Regierung

Et gëtt zu Lëtzebuerg eng zweet Well vun Infektioune mam Coronavirus. De Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert huele Stellung zur aktueller Situatioun.
headphones

0 min

Covid-19: Pressekonferenz vun der Regierung

D'Infektioune mam Coronavirus klammen nees liicht zu Lëtzebuerg. Iwwer déi aktuell Situatioun informéieren de Premier an d'Gesondheetsministerin.
headphones

0 min

Pressekonferenz Xavier Bettel & Paulette Lenert

D'Regierung huet déi nächst Phas vum Deconfinement decidéiert.
headphones

0 min

Pressekonferenz Xavier Bettel & Paulette Lenert

D'Regierung preparéiert weider den Deconfinement.
headphones

0 min

Pressekonferenz

Informatiounen iwwer d'Reouverture vun de Grondschoulen: Mir iwwerdroen d'Pressekonferenz vum Educatiounsminister a vum Syvicol-President live.
headphones

76 min

play_arrow

Pressekonferenz nom Regierungsrot

De Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert informéieren iwwer nei Decisiounen am Kontext vun der Corona-Pandemie.
headphones

27 min

play_arrow

Live aus der Chamber

No enger Declaratioun vum Premier Xavier Bettel debattéiert d'Chamber iwwer d'Exit-Strategie aus de Krisemesurë wéinst der Corona-Pandemie.
headphones

0 min