Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Ag

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Baby Huey - Hard Times

Baby Huey - Hard Times

on the headlines

De Baby Huey hat Succès an den 60er zu Chicago an ass ee vun den ënnerschätzte Soul Sänger ever. Seng Stëmm gëtt dacks mat där vum Otis Redding verglach. Hien huet just e puer Maxien erausbruecht, keen Album an huet integral vu sengen Tournéeë gelieft - viru sengem Doud war hien bal aacht Joer non-stopp mat senger genialer Band The Babysitters op Tour! Dat war eng extreem zesummegeschweesste Grupp, déi energeschen an psychedelesche Funk gespillt huet. Et kann ee si eventuell mam James Brown senge JB's vergläichen. Kuerz no sengem Doud koum dann 1971 säin éischten Album eraus: "The Baby Huey Story - The Living Legend", beim Curtis Mayfield sengem Curtom Records. De Baby Huey ass scho mat 26 gestuerwen, hie war iwwer 200 Kilo schwéier an zwee Meter grouss, war ëmmer extravagant gekleet an hat eng risen Afro-Coiffure. Seng Live Performance war eng vun deenen beléiftsten zu Chicago.


Den RZA huet d'Lidd am Joer 2000 benotzt fir dem Ghostface Killa fir säi "Buck 50 Featuring Method Man, Reman & Cappadonna" doraus ze maachen. Den Ironman aka Tony Starks liwwert e Klassiker vum Wu-Tang Clan. E war op sengem zweeten Album "Supreme Clientele" ze fannen, dee just viru senger Def Jam Period erauskoum.


Mee de Biz Markie hat et schonn fréier gesampelt an zwar op sengem Lidd "The Dragon" vun 1989. Hien ass ee vun deenen witzegste Rapper iwwerhaapt. Hie gouf fir d'éischt fir seng Beatbox Talenter an den 80er bekannt. No senger Renconter mat Marley Marl 85 huet hie säin éischten Album Enn 80er op Cold Chillin erausbruecht. Mee dëst Lidd staamt vu sengem zweeten Album "The Biz Never Sleeps". Do waren och nach aner Hits drop wéi "Just A Friend". Wéinst enger Plainte vun enger illegaler Sample Benotzung (!) gouf seng Karriär wärend sengem drëtten Album hefteg gebremst. Hien ass mëttlerweil just nach DJ a leidenschaftleche Plackesammler.


A Tribe Called Quest hunn de Sample och benotzt an zwar um Spirit Mix vun hirem Lidd "Can I Kick It". Dat war op hirem éischten Album, deemools waren den Q-Tip a Phive Dawg knapp 18 Joer al. Op der Album Versioun vun dësem Lidd sampele si "Walk On The Wild Side" vum Lou Reed, mee an der Video Versioun sampele si de Baby Huey. Am Video Clip gesäit een och, wéi si wuertwiertlech d'Wuert "It" kicken!


E lescht Beispill vun der Utilisatioun vum Sample sinn d'Alkaholiks um Lidd "Soda Pop". Dat kënnt vun hirem éischten Album "21 And Over" vun 1993. Déi zwee Rapper heeschen J-Ro an Tash an den Produzent King T. Et ass eng vun deenen interessantste West Coast Gruppen, déi Ufank 90er kee Gangsta Rap gemaach hunn.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow