D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin. Si ass 1964 zu Queens, New York gebuer. Si huet hire Start an d'Museksindustrie mat engem Gospelchouer gemaach. D'Morgan zitéiert Chaka Khan als e groussen Afloss. Si war als éischt Leadsängerin vun der Grupp Shades of Love. Hiren éischte richtegen Dance-Hit war 1982 mam Lidd "Body to Body (Keep in Touch)". Am selwechte Joer huet de Musekentrepreneur Jacques Fred Petrus gefrot ob si a senger neier Grupp High Fashion matspillt. Déi sollt aus dem Morgan an zwee aner Sänger aus New York bestoen, den Eric McClinton an Alyson Williams. High Fashion hat een eenzegen Hit, "Feelin' Lucky Lately". 1983 ass d'Morgan gaangen a gouf am Grupp duerch d'Jazz Sängerin Marcella Allen ersat. D'Morgan huet dunn als Back Sängerin mam Chaka Khan, Whitney Houston a Melba Moore geschafft. Als Solo-Kënschtlerin war si mat hirer Reprise vum Prince sengem "Do Me, Baby" fir 3 Wochen un der Spëtzt vun den R&B-Charts. Dat gouf och den Titeltrack vun hirem Debutalbum. Vun deem Album staamt och dat Lidd vun deem mir haut schwätzen "Fool's Paradise". Wéi gesot, et mierkt ee staark den Afloss vu Chaka Khan, mee d'Morgan probéiert si awer an kenger Hisiicht nozemaachen. Si huet selwer eng kräfteg Stemm a liwwert hei en kompromësslosen R'n'B. Si klengt selbstsécher an erwuessen a schwätzt Fans vun zum Beispill Luther Vandross oder Freddie Jackson un.
Dëst huet och d'Mary J. Blige verstan, wou si den Refrain vum Jay-Z sengem Lidd "Can't Knock The Hustle" iwwerholl huet. Leider ass si, wéinst engem internen Konflikt beim Label Roc-A-Fella, net am Jay-Z sengem kultesche Video vun deemools ze gesinn.
Mee de Big L hat scho virdrun eng Versioun mam selwechte Sample opgeholl, wou awer ni erauskomm ass. Hei ass d'Lidd "Hit It".
Eng bësse méi witzeg Versioun huet den MC Bomber viru kuerzem erausbruecht, an zwar "Münzmallorca" zesummen mam Karate Andi & Rokko Weissensee.