Eng vun deene meescht gesampelten Perkussiounen am Hip-Hop ass d'Lidd "I'm Gonna Love You Just A Little More, Baby". De Barry White gouf 1944 am Texas gebuer, mee ass zu Los Angeles grouss ginn. Hien huet sech als Kand de Piano selwer bäibruecht an huet scho mat eelef Joer semiprofessionell Piano am Studio opgeholl. Hien hat e puer kleng Bands wärend senger Teenager Zäit, an no enger bëssen heikler Jugend an engem Besuch am Prisong, schafft hie sech ëm 1960 als Studio-Museker a Komponist erop. Hien ass Songwriter fir Leit wéi Felice Taylor, Viola Wills oder The Bobby Fuller Four. Hien huet ënner anerem d'Girl-Grupp Love Unlimited entdeckt, déi hie fir d'éischt selwer produzéiert an huet herno mat hinne gespillt. Hien huet esouguer eng vun de Sängerinne bestuet.
Wéi säi Produzent hien héieren huet dëst Lidd um Piano spillen, dat fir en anere Kënschtler virgesi war, huet hien e gezwongen, et selwer als Solo-Artist erauszebréngen. Dat war den Ufank vun enger eenzegaarteger Karriär an déi éischt Single vu sengem éischten Album. De Barry White schreift, spillt an hellt alles selwer op. Dat dote Lidd war en enorme Succès. Hien huet an Amerika méi wéi 500.000 Placken innerhalb vun dräi Méint verkaf. Op senger éischter Plack leet hien d'Fondatioune fir de Rescht vu senger Karriär. Et geet eigentlech nëmmen ëm Sex, mee an 1.000 Nuancen aus verschiddene Perspektiven erzielt. A seng 18 Albumen duerno ware mindestens genee esou erfollegräich. De Barry White ass 2003 gestuerwen, mee bleift, bësse wéi den Isaac Hayes, wéinst senger déiwer Stëmm a sengen eroteschen Texter an Erënnerung.
2010 mécht de Rick Ross dem White eng direkten Hommage mam Lidd "Even Deeper". Et war op senger Summer Mixtape: "Ashes to Ashes" ze fannen. De Rozay rappt iwwer Wodka, Bentley Autoen a Vacheron Aueren. Hie probéiert e bëssen den ultimative Swag vum Barry White nozemaachen, an ech fannen, e läit net ganz donieft.
De Kool Keith huet de Barry White och benotzt fir säi Lidd "Holy Water". Hei ass e Beispill, wéi de Sample op en anert Instrument transposéiert an nei gespillt gouf. De Kool Keith ass bekannterweis deen Hip-Hop-Kënschtler mat de meeschten Alteregos. Hien hat vill exzentresch Projeten, wéi zum Beispill Ultramagnetic MCs, Dr Octagon, Black Elvis, Diesel Truckers an nach vill anerer ... 2019 kënnt hie mat engem Album mam bescheidenen Titel "Keith" zeréck. Deen ass ganz produzéiert vu Psycho Les vun de Beatnuts. Hie liwwert hei eng konsistent Auswiel un new-school funky Titelen, wéi zum Beispill "Holy Water".
Nach e lescht Beispill, wéi ee just d'Drums vum Ufank vum Lidd sampele kann. De Sample ass méi séier gespillt a gouf an en UK Garage Lidd agebaut. Den DJ Zinc huet dat fir säin "138 Trek" Lidd gemaach. Den DJ Zinc ass eng vun den dreiwende Kräften aus England an ass vergläichbar mat aner DJs wéi zum Beispill den DJ Hype, op deem sengem Label True Playaz och dat heite Lidd erauskoum. Hien ass e Pionéier a ville Genren, wéi zum Beispill Drum'n'bass, Break Beat, 2 Step Garage oder House an trëtt nach bis haut ëmmer mat deem Lidd op.