Ee vun de bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop staamt vum Soul- an Gospel Sänger Al Green mat "I'm Glad You're Mine". Dat war op sengem fënneften Album: "I'm Still In Love With You", 1972 bei Hi Records erauskomm. Den Al Green ass gebuer am Arkansas, USA a mëttlerweil 75 Joer al. Hie sengt zanter hien néng Joer al ass a war mat senge Bridder an der Kierch an engem Gospelchouer. Hie war schonn an den 1950er op Tour mat senger ganzer Famill. Säi Papp geheit hie mat 16 aus der familiärer Gospel Grupp eraus, wéi en hien erwëscht Jackie Wilson ze lauschteren. (Dat war e bëssen eng R'N'B Popstar mat engem schlechte Ruff zu där Zäit.) De Green probéiert verschidde Gruppen, mee keng ass wierklech erfollegräich, bis hie sech am Solo Akt probéiert. Zesumme mam Produzent Willie Mitchell enchaînéiert hien direkt véier Albumen an dräi Joer, dovun och "Let's Stay Together" am Januar and "I'm Still in Love with You" am Oktober 1972. D'Seventies ware seng beschten Zäit. Hien ass ee vun den éischte Soulsänger, deen an den 70er erausgestach huet. Säi Stil ass eng Mëschung tëschent energeschem Philadelphia-Soul a smoothen Deep-Soul, gemixt mat ville sexy Uspillungen. Seng éischt Albume passe perfekt an hir Zäit a si vergläichbar mat aner Albume wéi zum Beispill Marvin Gaye "What's Going On", Stevie Wonder "Talking Book" a Curtis Mayfield "Super Fly" Soundtrack. Nom Selbstmord vu senger Ex-Frëndin gëtt hie Mëtt-70er Paschtouer a keeft sech eng Kierch zu Memphis. Wann hien elo nach sengt, hëlt hie quasi just nach Gospel op.
Seng Perkussioun gouf méi wéi 180 Mol gesampelt, ee vun de bekanntste Beispiller ass den The Notorious B.I.G. mat "Dead Wrong" (Feat. Eminem). Dat war op deem sengem drëtten Album "Born Again", 1999 bei Bad Boy erauskomm, also dräi Joer nom Doud vum Brooklyn Rapper. Et ass gréissten Deels eng Collage vu verschiddene Lidder, déi de Biggie virun sengem Doud opgeholl huet, gemixt mat Featurings vun den deemools beschte Rapper, wéi de Method Man, Redman, oder hei den Eminem. Den Drum Sample ass quasi net iwwerschafft, et komme just e puer Synth-Nouten driwwer. De Biggie hat dëst Lidd ursprénglech als Freestyle um Mister Cee senger "Best Of Biggie" Mixtape opgeholl.
Mee den Akinyele hat de Sample scho virdru benotzt an zwar op senger "Put It In Your Mouth EP" vun 1996. Am Lidd geet et ëm genee dat, wat ee mengt. Et ass sexistesche Gangsta Rap aus den Ufank 90er. Dësen Niveau u Vulgaritéit war virdrun nach ni do. Dofir hat dat Lidd och richtege Succès an der Underground-Community.
E puer Méint virdrun hat The East Flatbush Project d'Lidd och scho benotzt, an zwar op sengem "Tried By 12". Den MC aus Flatbush hat net vill Releasen, mee deen dote war en Hit. Quasi all Rapper huet schonn emol iwwer dee Beat gerappt, well et dee beléiftste Beats wärend MC-Battles ass. Den DJ Premier huet e souguer op enger berüümter MC-Cypher benotzt, an zwar 2011 bei den BET Awards op MTV.
Mee de Large Professor hat de Sample nach virdrun benotzt, an zwar fir de "Mahogany" vum Eric B. & Rakim ze bauen. Dee war op sengem drëtten Album "Let The Rhythm Hit 'Em" vun 1990. Et ass e bësse méi en introspektiven Album, souguer den Album vun der Maturitéit, géif ech soen, woubäi dëst Lidd hei e bëssen d'Ballad dovunner ass. De Rakim seet, hie wier op dësem Lidd vun der Diana Ross hirem Film "Mahogany" vun 1975 inspiréiert gewiescht.