1981 erauskomm an eng vun deene beschte Pop-Single vun den 80er Joren, produzéiert vun Dennis Weeden a Kenton Nix. Bei West End Records erauskomm, deemools deen décksten Disco Label vun New York. Mat sengen 100bpm war d'Lidd fir e Post-Disco Track nach zimmlech lues, dofir hat et am Ufank Schwieregkeete sech als danzbar duerchzesetzen. Mee de Larry Levan huet gehollef en Hit doraus ze maachen. Hie war nämlech ee vun den bedeitendsten DJe vun der New Yorker Disco Paradise Garage, wou hie méi wéi zéng Joer Resident war. Hie gouf do wéi en Hallef-Gott ugesinn, wann hien opgeluecht huet. Dowéinst hat hien och e groussen Afloss dorop, wéi eng Lidder en Top oder e Flopp ginn. Hie stoung 100 Prozent hanner der Gardner hirem Lidd an huet souguer en zéng Minutte Remix dovun erausbruecht, obwuel et der schonn original méi wéi sechs hat. D'Leit sinn um Endeffekt drop ofgaangen, an et gouf e risege Succès. D'Gardner bleift besonnesch bei den Hip-Hopper fir dësen Track bekannt, well e gouf immens dacks benotzt. Hei e puer Beispiller:
De La Soul waren eng vun den éischte Gruppen, déi de Sample opgegraff hu fir hire "Buddy" doraus ze maachen, an zwar déi "Native Tongue Version" zesumme mat The Jungle Brothers, Monie Love, Queen Latifah & Q Tip. Et kënnt vun hirem Debut "3 Feet High and Rising" vun 1989. Och dëst Lidd ass dancefloor-orientéiert an dauert bal siwe Minutten. Et ass produzéiert vu Prince Paul an hat allgemeng zimmlech Succès. De La Soul si bekannt fir hir witzeg, liicht an innovativ Approche zum Hip-Hop.
Et ass zwar kee Rap, mee et gouf eng Zäit, an där et kee Radio gouf, op deem dat Lidd net de ganzen Dag gelaf ass. Den Ini Kamoze huet 1995 der Gardner hiert Lidd och gebraucht fir säin "Here Comes The Hotstepper". Den Ini Kamoze war schonn deemools en Dancehal Veteran, hat schonn zanter 1981 Musek erausbruecht, mee dat heite Lidd propulséiert hie ganz uewen an d'Charts. Den Track benotzt vill Samples, mee den "Heartbeat" ass däitlech erauszehéieren, iwwer deen de Kamoze säi "Lyrical Gangster" Style leet. D'Lidd gouf och fir de Film "Prêt-à-Porter" benotzt.
Black Moon benotzen den Titel fir hiren "Two Turntables & A Mic" vun hirem zweeten Album "War Zone" vun 1999. De 5Ft a Buckshot reimen hei iwwer e Beat vun de Beatminerz, dat sinn DJ Evil Dee a Mr. Walt. Black Moon si respektéiert Underground Rapper, wéinst dësem a virun allem hirem Album virdrun. Si hunn am D&D Studio zu New York opgeholl an hir Plack koum bei Priority Records eraus.