De Mëttwoch, den 19. Januar wëll d'Regierung vun der Chamber an enger Consultatiounsdebatt héieren, wéi d'Fraktioune sech zu enger Corona-Impfpflicht positionéieren.
Des Woch gouf schonn e Froekatalog un d'Fraktioune geschéckt. Donieft huet d'Regierung en Expertegrupp gefrot, en Dokument auszeschaffe fir d'Debatt virzebereeden.
Impfpflich: Wat schwätzt dofir, wat dogéint? Doriwwer diskutéieren an eiser Sendung:
d'Julie-Suzanne Bausch, Presidentin vum Eethikrot
de Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun
den Dokter Gérard Schockmel, Member vum Expertegrupp
de Jurist Jean-Jacques Schonckert.
Moderatioun: Jean-Claude Franck