De franséische Museker, 1942 an der Normandie gebuer, huet vu sengen Elteren eng klassesch musikalesch Erzéiung kritt a scho fréi Gei am Philharmoneschen Orchester zu Paräis gespillt. Donieft huet hien ugefaange kleng Jobben an Jazzbands unzehuelen a sech fir Leit wéi Miles Davis oder John Coltrane ze interesséieren. Dat war en entscheedende Moment a sengem Liewen. Hien huet fir d'éischt e bësse Klarinett a Saxofon gespillt, éier hien definitiv seng Gei an déi verschidden Jazz Bands integréiert huet. Hien erfënnt lues a lues nei Weeër Gei ze spillen an etabléiert dëst Instrument als e legitimmen Deel vun engem Jazz Orchester. Seng Aart a Weis Gei ze spillen inspiréiert sech u Bléiser a mat 22 bréngt hien esou säin éischten Album eraus "Jazz Long Playing". Seng gréisste Leeschtung ass et eis Siicht op Jazz-Violin ganz ze veränneren. Well hie sech an Europa ze vill ageengt an an en Tirang geraumt fillt, emigréiert hien an d'USA, wou hie mat Leit wéi Frank Zappa, Elton John oder George Duke zesummeschafft. Säi Succès kennt do keng Grenzen an hien huet e groussen Afloss op Jazz- an Rock-Fusiounen. Hien experimentéiert och gären an ass ee vun deenen éischten, deen eng Wah-Wah oder eng Distortiouns-Pedall u seng Gei uschléisst. Hien ass e Pionéier a mixt elektresch an akustesch Gei-Sounds an dréit och zur Entwécklung vu Synthesizer a Sequenzer bäi.
1979 bréngt hien den Album "A Taste For Passion" eraus, mat e puer wichtege Samplen drop. Éischtens gouf mat engem Deel vum Lidd "Reminiscence" den aktuellen Hit "No Remorse" vu Ransom an Rome Streetz op hirem Projet "Coup de Grace" produzéiert. De Beat ass vun engem gewëssene Streezy komponéiert a koum leschten Oktober eraus. Dem Ponty seng Gei passt perfekt bei hir düster Stëmmung.
Eng aner interessant Utilisatioun vun engem Sample vum Jean-Luc Ponty sinn NTM mat hirem "On est encore là". De Kool Shen a Joey Starr benotzen dem Ponty säi Lidd "Farewell". De Beat ass produzéiert vum Madizm. D'Lidd war op hirem véierten a leschten Album "Suprême NTM" vun 1998. Et gouf e bësse wéi eng Hymn an den Ufäng vum franséische Rap ugesinn.