Radioen

On air

Espresso Beats  |  Alison Goldfrapp - Fever

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kaarten op den Dësch

100komma7.lu / Kaarten op den Dësch

/ Ronndëschgespréich iwwer d'Energiekris

Ronndëschgespréich iwwer d'Energiekris

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Spéitstens virun enger gudder Woch huet hei am Land all Automobilist gemierkt, datt et eng Energiekris gëtt: De Liter Diesel huet wärend e puer Deeg 2,11 Euro kascht. Dat duebelt wéi viru sechs Méint. D'Gaspräisser hunn dëse Mount an Europa e Rekordpräis erreecht.

De russesche Krich an der Ukrain huet dat Ganzt ugefeiert, et ass awer net den eenzege Gronn fir des Energiekris. D'Präisser ware scho virdrun héich: Mir kommen aus enger weltwäiter Pandemie, an onofhängeg dovun ass eng Energietransitioun am Gaang fir d'Europäesch Unioun bis 2050 ze dekarboniséieren - wëll heesche fort vu fossillen Energien, déi CO2 an domat de Klimawandel verursaachen.

Wat sinn an der Energiepolitik méiglech Léisunge fir déi ugespaante Situatioun, a wéi eng Lektioune sinn ze zéien ? Doriwwer schwätze mer a Kaarten op den Dësch: Invitéeë beim Jean-Claude Franck sinn:


Claude Turmes, Energieminister (déi gréng)
René Winkin, Direkter vum Industrielleverband Fedil (a fréier Generalsekretär vum Groupement Pétrolier)
Blanche Weber, Presidentin vun der Ëmweltassociatioun Mouvement Ecologique
Michel Reckinger, Patron vun engem Handwierksbetrib, Vize-President vun der Handwierkerfederatioun a President vum Patronatsdaachverband UEL


(Aus Termingrënn gouf d'Sendung um Freideg Nomëtteg opgeholl)

Noriichten

Episoden