De Gudden Toun war eng Emissioun mat satiresch-kriteschem Usaz, déi mat vill Fangerspëtzegefill aktuell Theemen auserneegepléckt huet. Lëtzebuerger Schrëftsteller, Schauspiller a Kënschtler hu sech an dëser Emissioun d'Klensch an de Grapp gedréckt, fir dës Theemen aus ganz verschiddene Bléckwénkel ze beliichten.
Hei seet "De Gudden Toun" dann Äddi a Merci fir d'Nolauschteren, mat engem leschten Extrait zum Theema Konsum. An et ass de Jeff Schinker, deen d'Éier huet, dës Rees, déi am Januar 2021 ugefaangen, hei ofzeschléissen.