1963 kënnt den historeschen hindi Film "Taj Mahal" vum Mohammed Sadiq eraus. De Film bleift ausserhalb vun Indie gréisstendeels onbekannt, mee huet als Bollywood Musical grousse Succès. D'Musek gouf geschriwwe vum Roshan Lal Nagrath.
De geléierte Museker ass 1948 op Mumbai geplënnert fir Aarbecht an der Filmmusek ze fannen. No enger Zäit gëtt hien de renomméiertste Filmmusek-Komponist vu senger Zäit. Säi Markenzeechen ass e Mix vu folkloristescher a klassescher indescher Musek.
Am Musical "Taj Mahal" sinn déi meescht Lidder vum Mohammed Rafi and Lata Mangeshkar interpretéiert, ausser am Lidd, ëm dat et hei geet, an zwar "Chandhi Ka Badan", gesonge vum Meena Kapoor.
Am Joer 2002 bréngt den Erick Sermonn "React" als éischt Single vu sengem fënneften Album eraus a benotzt genee dëse Sample. De Beat ass vum Just Blaze komponéiert, an den Erick Sermon rappt hei zesumme mam Redman driwwer.
Wat huet wuel dozou geféiert, datt den Just Blaze sech en indesche Bollywood-Film vun 1963 vun 2h30 eranzitt, an no annerhallwer Stonn sech hien op eemol seet "Hey, ech schneiden déi véier Sekonne Stëmm mol eraus, déi ech net verstinn, mixen et mat engem fette Beat a loosse meng Homies driwwer rappen"?
Ferm Kritik vun der indescher Communautéit
Dat ass warscheinlech ganz op dem Just Blaze säi Beatmaking-Genie zeréckzeféieren. Mee no enger Zäit koum eraus, datt de Blaze de Soundtrack vun "Taj Mahal" gesampelt huet, an hien huet ugefaange vun der indescher Communautéit kritiséiert ze ginn.
Firwat? Ma ganz einfach, déi genee Iwwersetzung vum deem gesampelten Deel, dee vun der Sängerin Meena Kapoor op indesch gesonge gouf (Kisi Ko Khudkushi ka shok ho tow uh huh kya kare) ass op Lëtzebuergesch iwwersat: "Wann iergendee sech selwer wëllt ëmbréngen, wat kënnt Dir do maachen?".
Well de Sermon jo keen indesch versteet, rappt hien doropshin a sengem Lidd "Whatever she said, then I'm that", wat souvill heescht wéi "Egal wat hatt gesot huet, ech sinn dat", dat huet et eigentlech nach méi schlëmm gemaach.
Schlussendlech gouf et awer déi erfollegräichst Single vum Erick Sermon zesumme mam Redman an ass nach ëmmer e bekannte Klassiker, dee gär op Hip-Hop-Partye gespillt gëtt.