Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club heescht "Genious of Love" a koum 1981 eraus. Den Album huet och "Tom Tom Club" geheescht an ass eng puer Goldgrouf u Samplen. Tom Tom Club besteet à la Base aus der Koppel Tina Weymouth a Chris Frantz, woubäi aner Museker ëmmer spontan mat hinne gespillt hunn. D'Tina an de Chris ware Membere vun der Band Talking Heads an d'Grupp Tom Tom Club huet am Fong just als Side-Projet ugefaangen, an enger Phas, wou si e bësse Sträit mat den anere Membere vun Talking Heads haten.
D'Grupp ass méi liicht a kommerziell orientéiert, an huet den Ufank vun den 80er mat hirem Sound staark gepräägt. Si spillen eng Mëschung vu Funk bis New-Wave mat Post-Disco Aflëss. Hiren komeschen Numm kënnt vun engem klenge Proufsall an de Bahamas, wou si fir d'éischt Kéier geprouft hunn. D'Tina Weymouth séngt den Haaptdeel an huet och déi berüümt Basslinn geschriwwen, mee wärend der Opnam vum Lidd konnt si hire Bass wéinst engem Krämpchen am Aarm net selwer spillen an huet dat missten hirem Soundtechniker iwwerloossen.
Si haten effektiv just eng kuerz Studiozäit fir opzehuele gebucht. D'Lidd besteet aus enger einfacher mee effektiver Melodie, déi si zu hirem gréissten Erfolleg bruecht huet. Fir de Video vum Lidd hu si de Kënschtler James Rizzi gefrot en animéierte Cartoon ze molen, hien huet duerno och den Artwork fir hiren Album produzéiert! De Song gouf iwwer 100 Mol gesampelt a gecovert ginn.
D'Mariah Carey huet de Song gesampelt fir hire Welthit "Fantasy" doraus ze maachen. Et ass déi éischt Kéier, datt d'Mariah Carey probéiert d'Hip-Hopper mat engem vun hire Lidder ze gewannen, a well d'Leit vun Tom Tom Club fir d'Benotze vun hirem Sample zougestëmmt hunn, geléngt hir dat och ouni Problem. Et ass e Mix vun Hip-Hop, R'n'B a Pop op engem 102BPM-Beat. D'Carey hat grousse Succès domadder an huet d'Dier fir weider Rap a R'n'B Kollaboratiounen opgemaach, wéi zum Beispill spéider Missy Eliott, TLC oder souguer Beyoncé.
Redman bréngt am Joer 1998 säi véierten Album Doc's da Name 2000 eraus. Wéi sou vill gutt Albumen aus den Enn 90er, ass et e Meeschterwierk u kënschtlerescher Fräiheet a kommerzielle Kompromësser. De Redman reimt hei komplexéiert iwwer dem Eric Sermon seng funky Beats am "Brick City Mashin'"! Hien iwwerhëlt de Sample vun Tom Tom Club a gëtt him en neien Twist mat senger lyrekscher Virtuositéit.
D'Grupp De La Soul benotzt 2002 fir hiert Lidd "Shoomp" e Beat vu J Dilla, deen de Sample vu Genious of Love och benotzt. De Jay Dee ass hei e bëssen amgaang nei Weeër ze exploréieren a léisst den traditionelle Boom Bap hanner sech. Et ass dat éischt Lidd, dat De La Soul net méi op Tommy Boy release, mee op hirem eegene Label AOI, wou si och herno hiren Album "The Grind Date" erausbréngen. Si lueden hei souguer de Sean Paul a fir de Refrain ze sangen.