De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Äthiopie gebuer gouf. Hie war deen éischten afrikanesche Student, deen um amerikanesche Berklee College of Music diploméiert gouf. Nodeems hie säin Diplom an der Täsch hat, huet hie säi Wëssen zeréck an Äthiopien bruecht. Hien erfënnt dorops hin an de 60er en neien Mix, deen hien Ethio Jazz nennt. Et ass eng Mëschung tëschent Jazz, traditioneller äthiopescher Musek, latin Aflëss, karibeschem Reggea an Afro-Funk. Hien huet mat etlechen amerikaneschen an äthiopesche Kënschtler geschafft, woubäi dat meescht um äthiopesche Label Amha Records erauskoum. Säi Lidd "Kasalefkut-Hulu" dat mer héieren, staamt vu sengem méi internationalen Album "Mulatu of Ethiopia". Et ass en instrumentalen Album, op deem de Mulatu meeschtens Vibraphon a Conga spillt. Den amerikaneschen Jazz ass däitlech an der Melancholie erauszehéieren, woubäi déi onreegelméisseg Rhythmen éischter heiansdo un traditionell afrikanesch Musek erënneren. De Mulatu lieft nach ëmmer an hat Ufank 2000 nach eng Kéier richtege Succès mat Kompilatiounen a well seng Musek vu verschidde Kënschtler gesampelt gouf.
Eng vun den Gruppen, déi hie gesampelt huet, ass Freundeskreis mam Lidd "Pulsschlag". Dat war op hirem zweeten Album "Esperanto" vun 1999. Si hu Massive Töne an den Afrob aus dem FK Allstar Team drop agelueden. Freundeskreis war eng vun de bekanntsten, wann net déi bekanntste Grupp vun däitschem Rap. Si ware renomméiert fir hir Musikalitéit a politeschen Engagement, dohier ass et kee Wonner, datt si op de Mulatu zeréckgegraff hunn. De Max Herre, DJ Friction an Don Philippe hunn d'Grupp 2007 opgeléist a sinn elo solo aktiv.
D'Grupp La Cliqua hunn de Mulatu och gesampelt fir hiert Lidd "Le Grand Bluff", ze fannen op hirem eenzegen offiziellen Album, deen och "La Cliqua" heescht. D'Grupp huet um Enn nach aus dem Rocca, Daddy Lord C a Kohndo bestanen, éier si sech no dësem Album getrennt hunn.
De Sample huet et souguer bis an Griichenland gepackt, hei mat der Grupp Active Member an hirem Lidd "I Remember" vun 1998. Si sinn eng vun den éischten a bekanntsten griichesche Rap Gruppen a sinn nach ëmmer aktiv.