Den David Axelrod kënnt vu Los Angeles a gouf dacks gesampelt. Hei weist de Bobby Bieles zwee Beispiller vum selwechten Album: "Earth Rot". Den Axelrod war eigentlech Soundtechniker an huet vill Gruppen opgeholl, éier hie seng eegen Alben erausbruecht huet. Seng Aart Instrumenter opzehuele war deemools total ongewéinlech, zum Beispill ware seng Drums vill ze vill haart fir seng Epoch. No sengen zwee excellenten Alben "Songs of Innocence" an "Songs of Experience", bréngt hien dëse bizare mee geniale Konzept-Album iwwer Ekologie eraus: "Earth Rot". Den Album huet net vill ze di mat deem, wat hie virdrun an duerno erausbruecht huet, mee et héiert een awer seng düster Jazz- an Rock-Aflëss eraus. Säin Album soll eng Warnung virun Ëmweltverschmotzung sinn, esou heescht och dëst Lidd hei "The Warnings (Part I)". Am ganzen Album sengt en néng Mann Chouer Geschichten aus dem Jesajabuch an enger aler indianescher Navajo Legend. Musikalesch gëtt den Album vun engem 15 Mann Orchester zesummegehalen.
Diamond D ass e Rapper a Produzent aus der Diggin In The Crates Grupp a benotzt de Sample fir säi Lidd "MC Iz My Ambition". Dat war op sengem zweeten Album "Hatred, Passions and Infidelity", deen 1997 erauskoum. Den Diamond D ass éischter als Produzent bekannt, dee léiwer am Schiet bleift, mee villen anere Kënschtler gehollef huet hiren Debut ze maachen, zum Beispill A Tribe Called Quest, Fugges oder The Pharcyde.
X-Ecutioners waren eng DJ Grupp, déi zur Entwécklung vun der Scratch Musek bäigedroen hunn. Si hunn e puer Albe vu rengem Turntablism erausbruecht, wéi si dat genannt hunn. Kee Wonner also, datt si och den David Axelrod fir hiert Lidd "Word Play" benotzt hunn. Den Total Eclipse, Mista Sinista, Rob Swift an de verstuerwene Roc Raida scratchen hei also lëschteg véier Minutte laang iwwer hir eege Kompositiounen.
De Madlib huet net d'Bass, mee de Chouer selwer gesampelt, fir deen éischten Album vu sengem Alterego, "The Unseen" vum Quasimoto. Hien hellt hei en Deel vun "The Sign (Part II)" a setzt et iwwer eng einfach mee effikass Perkussioun, gemëscht mat dem Quasimoto senger verstallter Stëmm. D'Resultat ass jiddefalls erstaunlech.