D'Teena Marie war eng amerikanesch Singer-Songwriterin, déi vun 1956 bis 2010 gelieft huet. Si hat grousse Succès an de Genren R'n'B an Soul a gouf dowéinst och "The Ivory Queen of Soul" genannt. Si war dobäi och nach Multi-Instrumentalist a gouf fir dräi Grammien nominéiert. Mëtt 70er gëtt de Label Motown op si opmierksam, méi besonnesch de Rick James, dee scho méi laang bei Motown geschafft huet. Hie schreift hir e puer Lidder fir hiren éischte Soloalbum "Wild and Peaceful". Hie gëtt der Teena Marie hiren absolutte Mentor fir déi Zäit, wou si zesummeschaffen an och do doriwwer eraus. Der Mary hire Sound ass kräfteg an hir Stëmm immens villsäiteg. Well si um Cover vun hirem éischten Album néierens ze gesinn ass, ginn déi meescht Leit um Ufank dovun aus, datt si schwaarz ass. Als déi éischt wäiss Kënschtlerin muss si dann effektiv 1979 bei der bekannter Fernsee-Sendung "Soul Train" optrieden, fir ze beweisen, datt si wäiss ass. 1981 kënnt de bekanntsten Hit vun der Teena Marie eraus, an zwar "Square Biz" vun hirem véierten Album "It Must Be Magic". Si huet den Album selwer geschriwwen a produzéiert, e koum beim Label Motown eraus. Den Titel gouf e puermol gesampelt, besonnesch fir déi Energie a Positivitéit vun de puer éischte Sekonne vum Lidd.
1997 huet d'Grupp The Firm d'Lidd gesampelt fir hire "Firm Biz" doraus ze maachen. The Firm huet wärend enger kuerzer Zäit aus dem Nas, AZ a Foxy Brown bestanen. Si hate relative Succès mat hirem éischten an eenzegen Album, wouvun dat hei déi eenzeg Single Auskopplung war. De Refrain war gesonge vun Dawn Robinson, eng vun de Sängerinne vun En Vogue, déi hei der Teena Marie hir Melodie iwwerhëlt. Et gouf och deemools e Video vum Song, gedréit vum bekannte Realisateur Hype Williams!
Komescherweis koum am Joer 1997 e puer Méint drop den Titel "Love U So" vun Mase eraus, deen dee selwechte Sample op e bëssen eng aner Aart a Weis veraarbecht. En ass ganzer aacht BPM méi séier an d'Drums sinn e bëssen anescht programméiert, mee et ännert grondsätzlech näischt un der Tounlag. De Mase war e Rapper vum Puff Daddy senger Ekipp a war fir e puer Hits um Enn vun den 90er verantwortlech. Säin Album mat deem heite Lidd huet "Harlem World" geheescht a koum bei Bad Boy Records eraus.
2008 mécht d'Nicki Minaj dem Lidd vu The Firm eng Hommage a rappt nach eng Kéier iwwer dee selwechten Instrumental, deen einfach net méi al gëtt. Si nennt hiert Lidd "Firm Biz '08" a bréngt et op hirer zweeter Mixtape "Sucka Free" zesumme mam Rapper Lil Wayne beim Label Dirty Money eraus.