De Bernard Wright bréngt 1985 dat wonnerbaart Lidd eraus "Who Do you Love" um Album "Mr. Wright". De Wright gëtt 1963 am Quartier Queens zu New York gebuer. Hie war haaptberufflech Studiomuseker an e geléierte Keyboardspiller. Hien huet bis Enn 70er mat Leit wéi Miles Davis oder Cameo opgeholl, bis hien eng Solokarriär als Sänger ugefaangen huet.
Hie gëtt gewéinlech an den R'n'B oder Post-Disco Genre aklasséiert. "Mr. Wright" ass säin drëtten Album als Solo-R'n'B Sänger a koum 1985 um Label Manhattan Records eraus. Do war dann och d'Lidd "Who Do You Love" drop, dat deemools vun engem zimmlech cheesye Video begleet gouf.
De Song gouf eng gutt Dose mol am Hip-Hop gesampelt. Dat bekanntste Beispill ass warscheinlech den LL Cool J a säin "Loungin (Who Do Ya Luv)". LL Cool J ass ee vun den erfollegräichste Rapper, dee sech no senger Musekerkarriär effektiv konnt an der Filmindustrie recycléieren.
Obwuel hie schonn an den 80er e gewësse Succès hat, gouf et Enn den 90er nach eng Kéier en zweete Schub u Prominenz am Rap-Business fir hien. D'Lidd kënnt vu sengem sechsten Album "Mr.Smith", dee sech iwwer zwou Millioune mol verkaf huet. En koum 1996 um Label Def Jam eraus. Den Titel ass eigentlech e Remix vun Trackmasters, deen awer méi bekannt wéi den Original ass. D'Lidd geet wéi ëmmer beim LL Cool J ëm Fraen an de Refrain ass gesonge vun der R'n'B-Grupp Total.
Mee den New Yorker Hip-Hop-Produzent DJ Clark Kent hat de Bernard Wright scho virdru gesampelt. An zwar fir dem Shinehead säin "Never Been in Love B4", dat 1994 erauskoum. De Shinehead ass e jamaikanesche Reggae-Sänger vun New York a bréngt dat Lidd op sengem fënneften Album "Troddin" eraus.
Nach eng "mention honorable" gëtt et hei ganz um Enn fir de Raahiim, dee säin "You Love Me" doraus mécht. De Kanadier bréngt et hei mat engem luesen Halftime-Burner op de Punkt.