Heatwave war eng Funk-Disco Band, déi 1975 entstanen ass. De Grënner heescht Johnnie Wilder, en amerikaneschen Zaldot aus Ohio, deen d'Band zesumme mam Rod Temperton zu London ugefaangen huet. Zesumme mam Wilder, sengem Brudder an de Gittariste Barry Blue, Roy Carter an Eric Johns, dem spuenesche Bassist Mario Mantese an dem tschecheschen Drummer Emest Berger, hu si 1977 hiren éischten Album erausbruecht. Wärend hiert Lidd "The Groove Line" en enormen Disco-Hit gouf, ware si eigentlech Spezialiste vu smoothem Funk. Si si méi bekannt fir hir Balladen, am Géigesaz zu anere Funk Bands wéi Funkadelic oder Rick James. Esou och d'Lidd "The Star Of A Story", dat op hirem zweeten Album "Central Heating" war, deen 78 erauskoum. Dës elegant an ontypesch Ballad gouf geschriwwe vum Rod Temperton, an déi hell Stëmm ass déi vum Johnnie Wilder. Déi dreemeresch Melodie gëtt ënnerstëtzt vu liichtem Piano an akustesche Gittar-Accorden. Méi spéit, wéi d'Band sech getrennt huet, ass et interessant ze wëssen, datt de Rod Temperton ee vun de bekanntste Songwriter gouf, hien huet notamment Saache fir George Benson, Herbie Hancock a Michael Jackson komponéiert. Den George Benson huet souguer seng eegen Interpretatioun vum Lidd "The Star Of A Story" op säin Album "Give Me The Night" gesat.
Mee hei schwätze mir doriwwer, wéi dëse Sample am Hip-Hop benotzt gouf. Zum Beispill hunn A Tribe Called Quest de Sample op hirem "Verses From The Abstract" benotzt. Dat war op hirem zweeten Album "The Low End Theory", dee virun 30 Joer erauskoum, am Joer 1991. D'Lidd war produzéiert vum Q-Tip. Den Album ass bekannt fir erfollegräich Bebop Jazz gekonnt mat Hip-Hop ze mixen. D'Beats komme gescheit a minimalistesch eriwwer, esou wéi et soll sinn: Perkussioun, Bass an e puer Noute vun engem Jazz Sample.
"Nothing Move But The Money" hätt missen um éischten Album vu Smif N Wessun sinn, mee si kruten d'Rechter net fir de Sample, dat heescht, et gouf eng einfach Maxi. Déi koum 1995 eraus, dat Ganzt war produzéiert vun de Beatminerz, d'Rapper heeschen Tek a Steele.
Hudson Mohawke hunn de Sample och benotzt, an zwar fir hire Mixtape "Hudson's Heeters" vun 2006.