Den David Bowie ass ee vun de berüümtste Museker vum 20. Joerhonnert mat iwwer 100 Millioune verkaaften Albumen. Hien hat an de 60er a 70er schonn alles erreecht, ënner anerem am Glam-Rock-Genre mat sengem Alter Ego Ziggy Stardust. "Let's Dance" ass säi 15. Album a kënnt 1983 eraus. "Let's Dance" ass och déi éischt Maxi dovun. Et war dem Bowie säi gréisste kommerziellen Erfolleg a seng eenzeg Single, déi gläichzäiteg an den USA an an England Nummer 1 war. Den Track ass geschriwwe vum Bowie a co-produzéiert vum Nile Rodgers vun der Grupp Chic. Effektiv goufen den Nile Rodgers an den Bowie Ufank den 80er zu New York Kolleegen.
De Bowie hat ursprénglech eng méi komplex an donkel Versioun vu "Let's Dance" geschriwwen, bal Folk-Musek anscheinend, mee de Rodgers huet d'Melodie vereinfacht a méi poppeg-optimistesch gemaach. De Crescendo ganz am Ufank vu "Let's Dance" huet de Bowie vum Lidd "Twist and Shout" vun de Beatles gecovert. De Video vum Song weist eng nativ australesch Koppel, déi hiert Gléck an de "red shoes" fënnt, vun deenen de Bowie a sengem Lidd sengt.
Dësen Album ass dem Bowie säin éischte Schratt a Richtung kommerzielle Post-Disco mat enger Touch Funk-Rock, mee näischt, fir dat hie sech schumme misst. Et ass och den Ufank vum New Wave. De Bowie konnt sech ëmmer nees selwer nei erfannen an huet etlech aner Kënschtler beaflosst.
Esou ass et kee Wonner, datt hien och am Hip-Hop e gewëssene Succès hat. "Been Around The World" ass eng Maxi aus dem Joer 97 vum Album "No Way Out" vum Puff Daddy. D'Lidd featured de Mase an den Notorious BIG um Refrain. De Song ass produzéiert vum Puff Daddy, an zwar wärend senger Bad Boy Period, an där hien einfach nëmmen nach Super Hits vun den 80er am Loop sampelt, ouni vill drun ze änneren. De Song hat en zimmleche Succès an den Album bleift dem Puff Daddy bis haut säi gréissten Erfolleg mat siwe Millioune verkaaften CDen. Et ass ee vun de gutt gelaunte Lidder vu sengem Album, déi aner handelen éischter vum Doud vu sengem beschte Kolleeg, den Notorious BIG, dee wärend der Opnam vun dësem Album ermort gouf.
2007 schenkt den David Bowie sengem Landsmann Craig David och d'Rechter fir säin Track ze samplen. Hie mécht "Hot Stuff" doraus a setzt et op säin Album "Trust Me".