Nom Hype ronderëm dem Kanye West senger verfilmter Biographie op Netflix wollt de Bobby Bieles dem Personnage nach eng Chance ginn a schwätzt iwwer dem Curtis Mayfield säi "Move on Up" vun 1970, e Lidd vu ronn néng Minutte vu sengem Album "Curtis". Et war ursprénglech kee mega Hit, mee gouf mat de Jore méi bekannt.
De Curtis Mayfield aka "The gentle giant" war en engagéierten amerikanesche Singer/Songwriter a Plackeproduzent, 1942 zu Chicago gebuer. Wéi vill aner Museker huet hien an engem Gospel Chouer ugefaangen. Hien huet sech d'Gittar selwer bäibruecht. Seng éischt Grupp ware The Impressions, mat deenen hie relative Succès hat, wéi zum Beispill mam Lidd "People Get Ready".
Effektiv huet hie vun 1970 un eng Solokarriär ugefaangen. Hie beweegt sech lues awer sécher vun der Pop-Soul vu senger aler Grupp fort a mécht elo méi en engagéierte Funk a psychedelesch beaflosste Sound. Hie revendiquéiert seng afroamerikanesch Urspréng a séngt iwwer Ongläichheeten an den USA an op der ganzer Welt. Besonnesch d'Lidd "Move on Up" huet erausgestach, well et gesellschaftlech Problemer op eng extreem funky a melodesch Aart eriwwerbréngt. Seng Plack koum deemools ganz gutt beim Publikum a bei der Kritik un. Se war e wichtege Baustee fir seng Karriär, mat deenen hie Leit wéi zum Beispill Marvin Gaye fir säi "Whats Going On" inspiréiert huet.
2005 sampelt de Just Blaze dem Mayfield säin Hit fir dem Kanye West säin "Touch the Sky (Feat. Lupe Fiasco)" doraus ze maachen. Dat war déi drëtt Maxi vu sengem zweeten Album "Late Registration", dee bei Roc-A-Fella erauskoum. Et ass deen eenzegen Track vum Album, deen net vum West produzéiert gouf. De Just Blaze huet en anscheinend a manner wéi 20 Minutte gebastelt. Hie pitcht hei den "Move On Up"-Sample erof an hannerleet e mat schwéiere Perkussiounen. Et ass e positiven an inspiréierenden Track, de jiddwereen opfuerdert, genee souvill Selbstvertrauen a sech ze hu wéi de Kanye West.
Op Englesch géif ee soen, den Track ass "straight uplifting". De Kanye West reift eis säi Succès ënner d'Nues a rifft eis op, genee sou ze si wéi hien: erfollegräich. Am bekannte Video spillt de Kanye West d'Roll vum Stuntmann Evel Knievel a probéiert duerch e Stunt dem Himmel méi no ze kommen, mee bréngt et net fäerdeg.
De Kanye West huet de Video zu 100 Prozent selwer finanzéiert wéinst enger Meenungsverschiddenheet mat sengem Label. Am Video ass och d'Pamela Anderson ze gesinn, an dat Ganzt hätt anscheinend iwwer eng Millioun US-Dollar kascht. De Kanye West war ëffentlech beleidegt, datt hie kee Präis fir säi schéine Video gewonnen huet, mee d'Lidd bleift awer als ee vun den Héichpunkte vun 2005 an Erënnerung.