1971 kënnt dëst Meeschterwierk hei eraus "Inner City Blues (Make Me Wanna Holler)" vum Sänger Marvin Gaye. Et ass um Motown Records Ennerlabel Tamla Records erauskomm. Den Piano an de Gesang sinn vum Marvin Gaye selwer, seng Studio Museker heeschen Funk Brothers mat Eddie Brown un den Bongos an Bob Babbitt un der Bass. Et herrscht eng dreemeresch minimalistesch bal bluesesch Vibe wärend dem Lidd. Et war en risen Hit mat iwwert 1 Millioun verkaaften Maxien. Hien geet ewech vum typeschen Motown-Sound an léisst optimistesch Hits wei zum Beispill "I Heard It Through the Grapevine" wäit hannert sech. Den Gaye ass hei grad an senger Iwwergangsphase. Hien entwéckelt sech vun enger R'n'B Star zu engem selbstbewossten Soul Museker. "What's Going On" ass säin Meeschterwierk. Et ass en Konzeptalbum wou all d'Lidder aneneegräifen an eng grouss Geschicht erzielen - an zwar déi vun den Post-Vietnam-Zoustänn an Amerika: Aarmut, Polizeigewalt, Chômage,... asw. D'Kritik an den Publikum sinn sech eeneg: et ass en absolutten Soul-Klassiker vun 70er Joren! Laut der Lescht vun den 500 beschten Alben vum Rolling Stone Magasinn ass et souguer den beschten Album deen jee erauskomm ass! Et ass Mëschung aus depressiv, rosen an hoffnungsvoll Musek: et ass gläichzäiteg dark an jazzy, relax an déifgrënneg. Marvin Gaye ass leider ze vill frei gestuerwen, an zwar mat 44, erschoss vun sengem eegenen Pap.
Mc Solaar ass een vun deenen éischten wou d'Lidd gesampelt huet, an zwar op "Armand Est Mort" vun sengem éischten Album "Qui Sème le Vent Récolte le Tempo" vun 1991. Hien erzielt hei d'Liewen an den Dout vun engem Obdachlosen. Déi zwee éischt Alben vum MC Solaar sinn absolut Klassiker am franséischen Rap. Herno ass hien bëssen méi poppeg ginn, mee Ufank 90. steet MC Solaar fir méi liichten an accessibelen Rap. D'Lidd ass produzéiert vun Jimmy Jay, een vun den wichtegsten Bausteng am Ufank vum franséischen Rap. No e puer gewonnen DJ- Kontester gëtt hien den attitréierten Produzent vun MC Solaar an komponéiert zum Beispill dat heiten Lidd, wou hien den Gaye ganz geschmacksvoll gesampelt huet.
Den Coolio sampelt hei och di bekannten Bassline vum Gaye, an zwar op sengem 1. Album "It Takes a Thief" vun 1994. Dat ass den Album virun "Gangstas Paradise" duerch deen hien weltbekannt ginn ass. Den Album ass guer net sou schlecht an dem Coolio seng Texter leien guer net esou wäit vum Marvin Gaye sengen. Et geet och em Aarmut, Drogen an Korruptioun, mee ëmmer op optimistesch Beats gerappt, mat enger Touche vun Humor.
En anert Beispill ass hei den Scarface mat "A Minute To Pray And A Second To Die" vun sengem éischten Album "Mr. Scarface Is Back" vun 1992. Hien hat en risen Succès domadder! Zesummen mat Bushwick Bill ass hien en Member vun Geto Boys aus Houston, Texas. Hien huet sech quasi vum klengen Drogen Dealer als Teenager bis erop an d'Politik eropgeschafft. Hien bleift en Promi am Southern Rap Style.
Bone Thugs N Harmony hunn den Sample och benotzt fir hiren "20th Year Anniversary Cypher". Et geet hei em en Freestyle dee 10 Minutten dauert. Si rappen iwwert en einfachen Loop, produzéiert vun der Westcoast-Legende DJ Quik. Dat ganzt ass 2013 erauskomm. Hien mixt Sounds aus senger 808 mam original Sample zesummen.