Radioen

On air

Kultur um 5  |  111 Plazen ze Lëtzebuerg, déi ee muss gesinn...

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Musek a Kultur / One World

/ De Summer 2022

De Summer 2022

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De brasilianesche Multiinstrumentalist Tim Bernardes, dee mat bekannte Leit wéi engem David Byrne, Gal Costa, de Fleet Foxes oder Tom Zé geschafft huet, huet den Album "Mil Coisas Invisíveis" verëffentlecht, eng richteg Pärel, déi dem Artist säin delikate Songwriting, säi gutt Ouer fir Melodie a Produktioun erklénge léist. Net ze vergiesse seng schéi Stëmm.


D'Carly Blackman ass eng aner Decouverte mat hirem neien Album "Journey to the End of the Waves", e schéinen, authenteschen Disk, wou d'Singer-Songwriterin eis op hir Rees bis zum Enn vun de Welle mathëlt. Mir sinn a gudder Gesellschaft an dat duerch déi 14 Titele vum Album erduerch.


Den Trio GA-20 vu Boston kënnegt elo - an no sengem Hommage un de Blues Mann Hound Dog Taylor - en neien Album un: en elektresche Blues gespillt mat enger punkeger Energie, den neie "Crackdown" gëtt fir den 9. September ugekënnegt.


The Rebels of Tijuana si Fransousen, déi e psychedelesch ugehauchte Pop spille mat Referenzen u vergaangen Zäiten: herrlech erfrëschend an nostalgesch!


De Rogér Fakhr aus dem Libanon huet d'Lidder vum Album "Fine Anyway" an den Enn 70er zu Beirut agespillt, vereenzelter och zu Paräis wärend sengem kuerzem Exil, och hei Nostalgie puer.


Den Immy Owusu mat senger neier Single "Brown Supremacy" léist en interessante Sound Mischmasch erklénge mat villen Influenzen.


The Inspector Cluzo ass en Duo mam Batteur Mathieu 'Phil' Jourdain an de Sänger a Gittarist Laurent 'Malcom' Lacrouts. E Bassist gëtt et bei hinnen net, a wat een esou an der Press liese kann, insistéieren déi zwee och op de Fait, datt se kee brauchen. Wéi och ëmmer, dem Klang feelt op jiddwer Fall näischt!


D'New Yorker Jennifer Charles an Oren Bloedow vun Elysian Fields kënnegen en 13. Album un, deen inspiréiert ass um Impakt vun der Pandemie op eist Liewen. En éischten Titel ass elo schonn disponibel.

Playlist:



Tim Bernardes - Meus 26 - Mil Coisas Invisíveis

Tim Bernardes - Beleza Eterna - Mil Coisas Invisíveis

Sessa - Canção da Cura - Acesa Estrela

Carly Blackman - What's a Girl to Do - Journey to the End of the Waves

GA-20 - Easy On the Eyes - Crackdown

The Black Keys - Good Love (feat. Billy F Gibbons) - Dropout Boogie

The Rebels of Tijuana - Brazil 70 - Brazil 70 EP

The Rebels of Tijuana - Leipzig - Brazil 70 - EP

Immy Owusu - Brown Supremacy - Brown Supremacy - Single

Rogér Fakhr - Everything You Want - Fine Anyway (Habibi Funk 016)

The Inspector Cluzo- Little Girl & The Whistlin Train - Brothers In Ideals - We The People Of The Soil - Unplugged

Elysian Fields - We'll Get There Yet

Nina Simone - Sinnerman - Pastel Blues


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.