Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Musek a Kultur / One World

/ Ent-Schleunegung

Ent-Schleunegung

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Déi franséisch-algeeresch Sängerin Souad Massi kënnegt en neien Album fir d'Rentrée un: "Sequana". Wann der Souad Massi hir Musek bis ewell vum Folk a vum Chaabi getéint war, esou si bei "Sequana" méi Influenzen ze héieren: aus der Sahel-Zon, iwwer d'Kläng aus der Karibik a Brasilien bis zum Rock bei vereenzelte Stécker. En Disk, fir deen d'Sängerin sech gutt ëmginn huet mam Justin Adams an der Produktioun an e puer onëmgänglech Gaaschtinvitéen, déi mat derbäi sinn, wéi e Piers Faccini oder Naïssam Jalal. "Sequana" ass fir déi éischt Woch Oktober ugekënnegt.


Eng ganz eegen alternativ südamerikanesch Musek proposéiere Yodi. Hei héiere mir "Ese lugar", eng spannend live-Versioun vun dësem Joer.


No Metallica a Kamasi Washington revisitéiert den akustesche Gittar-Duo Rodrigo y Gabriela de Repertoire vu Radiohead. Mir lauschteren dës erstaunlech Metamorphos vu Radiohead hirem "Weird Fishes/Arpeggi", opgeholl an hirem Studio a Mexiko, éier déi zwee Globetrotter-Museker nees ënnerwee sinn, och fir e puer Concerten a Frankräich.


No méi wéi zwee Joerzéngten huet Groundation elo hiren zéngte Studio-Album verëffentlecht: "One Rock". Dorausser héiert Dir hei en éischte Virgeschmaach.


Déi hollännesch Harfenistin Lavinia Meijer huet zesumme mam Iggy Pop "Mom & Dad" agespillt, en häerzlechen Hommage vum Sänger u seng Elteren.


En Artist, iwwer deen een nach den Net duerchscrolle muss, fir e puer Infoen ze fannen, ass den Nefiu, dee seng EP "Chronicles of a Man's Solace" viru Kuerzem verëffentlecht huet. Artiste à découvrir ...


Bei den Opname vun engem Album bleift meeschtens Material iwwereg. Esou z. B. e Lidd vum Piers Faccini, dat nodréiglech als Single verëffentlecht gouf: "The Damned and the Saved", Extrait aus den Opnam-Sessions vum Piers Faccini sengem leschten Album "Shapes of the Fall".


Playlist:


1. Souad Massi - Dessine-moi Un Pays - Sequana


2. Yodi - Ese lugar - Ese lugar (Live) Single


3. Rodrigo y Gabriela - Weird Fishes/ Arpeggi - Weird Fishes & Symphony No. 25 In G Minor


4. Rodrigo y Gabriela - The Struggle Within - The Struggle Within/Single


5. Michel Godard & Gavino Murgia - Ambre - Deep


6. Lavinia Meijer & Iggy Pop - Mom & Dad - Are You Still Somewhere?


7. Groundation - Market Price - One Rock


8. Nefiu - Terminal - Chronicles of a Man's Solace - EP


9. Rémy Gauche - Lune/nunca solo - Lune/nunca solo /Single


10. Ian Lasserre - Mar Mirante - Sonoridade Pólvora


11. Piers Faccini - The Damned and the Saved - The Damned and the Saved/Single


12. Lance Ferguson - Glastonbury - Rare Groove Spectrum, Vol. 2


13. Fixi & Nicolas Giraud - Oto (feat. Maïa Barouh) - TEMPO TEMPO! (A Tony Allen Celebration)


14. Yvan Robilliard - Double jeu - Homemade



Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.