Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Musek a Kultur / One World

/ Remembering Arbëresh

Remembering Arbëresh

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Den Immy Owusu ass e Museker, dee mat zwou Kulture grouss gouf, op där enger Säit mat der australescher, op där anerer mat der westafrikanescher Kultur vu sengen Originnen aus dem Ghana. Seng Musek ass e Melting Pot, deen am Lockdown 20/21 entstanen ass, wéi hie sech mat sengem Camper an de Busch zeréckgezunn hat.


Virun zéng Joer gouf et e Militärputsch am Mali an dorënner leit d'Land nach haut. D'Verfassung gouf ausser Kraaft gesat, an de Flughafen vu Bamako zougemaach. Et ass also keen Zoufall, datt déi fënnef Museker - déi dat selwecht Joer zesummekoumen - sech BKO genannt hunn, nom Code vum Flughafen an der Haaptstad vum Mali. Entretemps si BKO bei hirem fënneften Album "Djine Bora" ukomm a spille mat hirer wëller, hypnotescher Musek géint de Chaos am Land.


Shotnez si Museker vun Tel-Aviv, déi sech op en Neits zesummegedinn hunn, fir eng Jazz-Jam, déi inspiréiert ass un der kubanescher Musek aus de 50er, dem Surf-Rock, Ethio-Jazz, Hip-Hop an och vun den traditionelle Museke vun der orientalescher Säit aus dem Mëttelmierraum. Si hunn eng improviséiert Jam wärend dem Lockdown organiséiert an néng Titelen opgeholl, déi deemnächst um Album "Dose a Nova" ze héiere sinn. Den Disk gëtt fir de 14. Oktober ugekënnegt. Hei héiere mir schonn e klenge Virgeschmaach dorausser.


"Oceanic Feeling" heescht deen neien Album vum japanesche Komponist a Pianist Koki Nakano. Den Album gouf bei der Kompositioun inspiréiert vun engem Zitat aus engem Bréif vum franséische Schrëftsteller a Musek-Kritiker Romain Rolland (1866-1944) un den éisträicheschen Dokter a Kulturtheoretiker Sigmund Freud.


D'Misia Sert, gebuere Godebska, war wärend der éischter Hallschecht vum 20. Joerhonnert d'Muse, d'Frëndin an d'Mäzenin vu ville bekannte Kënschtler zu Paräis. Revue Blanche ass e belsch-flamänneschen Ensembel, dee sech no der artistescher Revue mam selwechte Numm benannt huet. Dës gouf Enn vum 19. Joerhonnert vu Politiker a renomméierten Artisten editéiert. Fir hir zéng Joer ze feieren huet de Grupp elo dee schéinen Album "Misia" verëffentlecht, diminutiv vun der Maria Godebska, Numm vun dëser Kinnigin vun der Belle Epoque.


Ensemble, esou nenne sech véier Museker aus Italien, déi fir de CD "Moti Shkon" zesummekoumen. "Moti Shkon" bedeit "d'Zäit fléisst" an der Sprooch vun den Arbëresh. D'Arbëresh sinn eng al albanesch Minoritéit a Mëttel- a Süditalien. 1999 gouf dës historesch Sproochminoritéit per Gesetz geschützt. De Gittarist Livio Andrònico huet d'Musek geschriwwen a säi Frënd a Sänger Francesco Mazza den Text.


Playlist:


1. Immy Owusu - Brown Supremacy - Brown Supremacy - Single

2. BKO - Bamako - Djine Bora

3. Thee Sacred Souls - Weak for Your Love - Thee Sacred Souls

4. Shotnez - Last Straw - Dose a Nova

5. Gabriiel - Please - Treasure in the garden

6. Koki Nakano - External Cephalic Version - Oceanic Feeling

7. Leyla McCalla - Ekzile - Breaking the Thermometer

8. Etienne de la Sayette & Wild Horses Orchestra - Nave Nave Moe - Nave Nave Moe - Single

9. Vieux Farka Touré - Be Together - Les Racines

10. Misia - Six Poèmes de Paul Éluard: Je te l'ai dit - Revue Blanche

11. Blundetto - Old Guard In A Yard - Cousin Zaka Vol. 2

12. Ensemble - Fjoi - Moti Shkon

13. Ozan Tekin - Irresistible Call of a Swift - Anarya

14. Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel- Sage Motel

15. Boulevards - Better off Dead (feat. Nikki Lane) - Electric Cowboy: Born in Carolina Mud



Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow