Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Almost Monday - Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

piano

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

De Pianist Ramsey Lewis vu Chicago huet eis am Alter vu 87 Joer verlooss, mee hien hannerléisst ëm déi 80 Disken, e puer irresistibel Tuben aus de 60er an en Ausdrock, deen immens villsäiteg ass.


Déi zwou Jazz-Gréissten Jason Moran & Archie Shepp sinn zesummen um Album "Let My People Go" ze héieren, et handelt sech hei ëm Opnamen, déi am Kader vum Enjoy Jazz Festival 2018 realiséiert goufen.


Déi New Yorker Sängerin an Aktivistin Danielle Ponder huet zesummen mam Soul-Outfit Karate Boogaloo vu Melbourne d'Single "Look Around" 2020 agespillt, wärend deem d'Feier Ravagen an Australien gemaach huet.


Wien och ëmmer d'Iddi hat de punkegen Iggy Pop mam Meeschter vum Jazz Dr. Lonnie Smith zesummenzebréngen, dee sollt e Spezial-Grammy kréie fir de sënnvollen Asaz vu psychedelesche Substanzen, schreift d'Süddeutsche Zeitung, wéi déi zwee hire Cover vum Donovan sengem "Sunshine Superman" d'lescht Joer erausbruecht hunn.


Den Album Acoustic "Love" Sessions ass den éischte Volumm vun enger neier Kollektioun, déi de Label Think Zik ! sech ausgeduecht huet. Hei héiere mir zwee weider Extraite vun dësem Album, op deem jo d'Thematik vun der Léift am Zentrum steet. Op der Säit vum Label gi mir gewuer, datt dëse Projet laang Zäit am Kapp vum Grënner Malick N Diaye ausgeräift ass.


Den N Diaye gehéiert zu deenen, déi der Meenung sinn, datt d'Wouerecht vun engem Titel am Ausdrock vu senger puerster Form ze héieren ass.


Playlist:



Ramsey Lewis - Wade In the Water - Ramsey Lewis: Finest Hour

Ramsey Lewis Ramsey - Black Is the Color - Lewis and His Gentlemen of Jazz

Jason Moran & Archie Shepp - He Cares - Let My People Go

Natalia M. King - Baby Brand New - Bluezzin T'il Dawn

Chicken Grass - Snakebites (feat. Princess Shaw) - Snakebites/Single

Karate Boogaloo & Danielle Ponder - Little Bit - Look Around / Little Bit - Single

Dr. Lonnie Smith & Iggy Pop - Sunshine Superman - Breathe Jazz

Teaspoon Ndelu - Sputla - Mr Bongo Record Club, Vol. 4 (Compiled by Mr Bongo)

Think Zik ! All Star & Tété - Can't Get You Out Of My Head - Acoustic "Love" Sessions

Think Zik ! All Star & China Moses - Are You Gonna Be My Girl - Acoustic "Love" Sessions

The Devonns - Blood Red Blues (Protest Song) - Blood Red Blues (Protest Song) - Single

Nicolas Repac - In the Land of Your Soul - Rhapsodic


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.