Haut ass Schoulrentrée an an deem Kontext mécht d'Sécurité Routière den Appell un d'Automobilisten opzepassen. Dat virun allem ronderëm d'Schoulen.
Fir d'Natasha Ehrmann eng gutt Geleeënheet mat der Directrice vun der Sécurité Routière Isabelle Medinger op déi wichtegst Punkten hinzeweisen, wéi eis Kanner sécher op hirem Wee an d'Schoul kommen: ob geféiert, zu Fouss, mam Bus oder um Vëlo.