Am Fong
Non-formal Bildung
55 min
Jonk Mënsche brauche Fräiraum, awer dacks och ganz konkret Hëllef. Béides ass wesentlech fir d'Entwécklung vu Kanner a Jonken, fir datt si kapabel sinn, hiert Liewen autonom ze meeschteren. Dobäi kënne Schoul a Famill villes leeschten, mee awer net alles, nach manner, wann Elteren hirer Roll net gerecht kënne ginn.
D'Croix-Rouge ënnerstëtzt Kanner a Jonker, déi an enger schwiereger Situatioun sinn an offréiert temporär a mobil Familljenhëllef mam But dem Kand oder dem jonken Erwuessenen eng positiv Entwécklung ze erméiglechen. Dat iwwer ee participative Prozess, deen op der Famill hire Ressourcen opgebaut ass, Léisungen ze entwéckelen an esou déi sozial a pedagogesch Kompetenzen vun der Famill ze stäerken.
Zu Lëtzebuerg ass d''Rout Kräiz ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung.
Déi non-formal Bildung soll déi Jonk baussent de Schoulstonnen erreechen, dowéinst gi souwuel Raim geschafen, fir zesummen ze sinn, wéi och konkret Aktivitéite proposéiert. Mam But d'Ressourcen an d'Stäerkte vu de jonke Persounen auszebauen.
De leschten Abrëll huet d'Semaine de l'enfance unhand vun Aktivitéite gewisen, wat an de Crèchen, Maisons-relaisen, Schoulfoyeren, Dageszenteren a bei den Dageselteren mam Fokus op non-formal Bildung geschitt, wéi baussent dem Schoulsystem mat de Kanner geschafft gëtt. Do gouf och d'S-Team virgestallt - eng Ekipp vu Kanner, déi aner Kanner a Konfliktsituatiounen ënnerstëtzt.
Wéi genee funktionéiert dat? Wat ginn et beim Roude Kräiz vu Solutiounen? Wéi begéinen zum Beispill Jonker an Educateure sech? Ginn dës genuch op d'Schüler:innen duer? Huet Lëtzebuerg eigentlech genuch ausgebilt Personal an der non-formaler Bildung?
Froen iwwer Froen deenen Am Fong op de Fong geet. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction beim Roude Kräiz an Direkter vun der non-formaler Bildung. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.
Episoden
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.
![Schlof bei Kanner](/legacy/images/6460/image-thumb__6460__base_thumbnail/Tania%20Hemmer.58fe76f2.jpg)
Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
![Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest](/legacy/images/16198/image-thumb__16198__base_thumbnail/Eric%20Lehmann.e5e2dcbf.jpg)
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
![Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.
![Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen](/legacy/images/15724/image-thumb__15724__base_thumbnail/Lisa%20Clees.93b42025.jpg)
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch](/legacy/images/15460/image-thumb__15460__base_thumbnail/Claude%20Hostert-Pfeiffer.cbec498b.jpg)
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".
![Weiderbildung mat AI](/legacy/images/15376/image-thumb__15376__base_thumbnail/Muriel%20Morb%C3%A9%20a%20Karin%20Scholtes.4d0f6ef5.jpg)
Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
![Wat stécht hanner Mobbing?](/legacy/images/14872/image-thumb__14872__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno.acde41c8.jpg)