Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Live

100komma7.lu / Klassik Live

/ D'Tréine vun der Natur

D'Tréine vun der Natur

headphones

0 min

"Dëst Stéck ass net just als Admiratioun fir e kultivéierten Artist geschriwwen, mee als Duett tëschent eis", sot de Komponist Tan Dun 2012 virun der éischter Opféierung an den USA vu sengem Wierk "The Tears of Nature". Gemengt war de Perkussionist Martin Grubinger, deen d'Wierk zesumme mam Los Angeles Philharmonic Orchestra opgeféiert huet. Elo interpretéiert de Solist dëst Wierk zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (OPL) ënner der Direktioun vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno.

Et wier eng faarweg Kompositioun, déi perfekt bei eng blénkeg Saisonsouverture passt, steet am Programm vun der Philharmonie ze liesen. Dës Ausso bezitt sech souwuel op dem Tan Dun säi Wierk, wéi och op dat zweet Stéck op der Affiche: Dem Richard Strauss säin "Heldenleben". Nom Wierk fir Perkussioun an Orchester geet et mat dëser Kompositioun genee esou klanggewalteg weider: ënner anerem aacht Coren, fënnef Trompetten, dräi Posaunen a véierfach besaten Holzbléiser verlaangt de Richard Strauss niewent de Sträicher. Mat all dësen Instrumenter verzielt den OPL d'Geschicht vum Protagonist, dem "Held" a sengem "Widersacher". Ëmmer erëm gëtt spekuléiert, de Strauss hätt sech an dësem Wierk selwer als Held duergestallt, wärend d'"Widersacher" - eventuell dem Strauss seng Kritiker - atonal quiitschen.

Programm:

Tan Dun: Concerto fir Perkussioun: The Tears of Nature
Richard Strauss: Ein Heldenleben

Martin Grubinger, Perkussioun
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Gustavo Gimeno, Direktioun

Musek

Episoden

Live aus der Congresshalle vu Saarbrécken: Iergendwou am Himmel ...

D’Deutsche Radio Philharmonie spillt fir den 100. Gebuertsdag vun hirem Éierendirigent Stanislaw Skrowczewski. Um Programm steet Bartók a Bruckner.
headphones

0 min

Of Ancient Skies and Souls

Live aus der Philharmonie: D'Lëtzebuerger Philharmoniker spille bei de rainy days e Programm ronderëm de Festival-Theema "Memories"
headphones

0 min

Mein Vaterland

Den opus 100,7 an de radio 100,7 iwwerdroe mam SR2 KulturRadio live vu St. Ingbert déi siwent Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie ënner der Direktioun vum Pietari Inkinen
headphones

5 min

play_arrow
Musikalesch Erzielkonscht

Musikalesch Erzielkonscht

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg interpretéiert Wierker vu Ravel, Rimsky-Korsakow a Strauss.
headphones

0 min

Fragments

Live-Iwwerdroung vun der Finall vun der Michel Becquet International Trombone Competition am Cube zu Maarnech
headphones

121 min

Hundertprozent Sibelius

Hundertprozent Sibelius

Live Iwwerdroung zesumme mam SR 2 KulturRadio vum Concert vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern zesumme mam Geiist Sergey Khachatryan
headphones

118 min

Spanish Connection

Spanish Connection

Concert mam Gustavo Gimeno, dem Pianist Javier Perianes an dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
headphones

0 min

Time Reflexions

Time Reflexions

Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
headphones

0 min

L'Enfance du Christ

L'Enfance du Christ

Live-Concert aus der Philharmonie
headphones

0 min

Siwe Paarten

Siwe Paarten

Concert mat der Weltpremière vu "Seven Gates" vum Luc Grethen an der Cellistin Hayoung Choi
headphones

131 min

D'Tréine vun der Natur

De Martin Grubinger interpretéiert dem Tan Dun säi Concerto bei der Saisonsouverture vum OPL an der Philharmonie a live um radio 100,7.
headphones

0 min

ICMA-Gala 2022

ICMA-Gala 2022

Lauschtert de Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2022 live aus der Philharmonie.
headphones

0 min

Den OPL an d'Pianistin Beatrice Rana

Den OPL an d'Pianistin Beatrice Rana

Concert live aus der Philharmonie
headphones

0 min

OPL / Emmanuel Pahud / Gustavo Gimeno

OPL / Emmanuel Pahud / Gustavo Gimeno

Dee renomméierte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud ass den Owend Solist beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. D'Direktioun huet de Gustavo Gimeno.
headphones

0 min

Den OPL spillt dem Gustav Mahler seng Drëtt Symphonie

Ënner der Leedung vum G. Gimeno daucht den OPL an an dem Mahler seng 3. Symphonie, mat der Solistin Gerhild Romberger, dem Wiener Singverein an de Pueri Cantores.
headphones

0 min

Mat Strauss a Strawinsky an déi nei Saison

Mat Musek aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert lancéiert den OPL d'Saison 2021/2022 ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno. Solistin ass déi däitsch Sopranistin Diana Damrau.
headphones

0 min

OPL Live aus der Philharmonie

De Klarinetteconcerto vum Mozart an déi 9. Sinfonie vum Schubert stinn um Programm. Solist op der Klarinett ass de Martin Fröst.
headphones

0 min

Schumann a Brahms mam OPL

Den Nikolaj Szeps-Znaider dirigéiert déi zweet Sinfonie vum Brahms. Solist vum Owend ass de Saleem Ashkar mam Schumann sengem Pianosconcerto
headphones

0 min

"Die sieben letzten Worte unseres Erlösers am Kreuze"

De Jérémie Rhorer an de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mat Musek vum Joseph Haydn
headphones

0 min

Musek aus der Romantik

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mat Wierker vu Chopin, Mendelssohn a Schumann
headphones

0 min