"Goodwin Point In 4" heescht déi nei EP vu Gregario. Obwuel nëmmen zwee Titelen drop ze lauschtere sinn, schielt sech eng onerwaart Klanglandschaft eraus. Fir deen drëtten Extended Play vum Lëtzebuerger Multi-Instrumentalist David André koum de Sascha Hanlet (Them Lights) mat an d'Spill. Asiatesch elektronesch Téin verschmëlze mat klasseschem Piano, gesonge gëtt net, dofir ass déi instrumental Musek vu Gregario ze vill immersiv. Den David André presentéiert dem Philippe Hansen deen neien Disk bei der Kaffismaschinn.
arrow_back_ios
Bei der Kaffismaschinn
Gregario
headphones
24 min
Lauschteren
play_arrow