Dëst Joer steet de Weltdag ënner der Iwwerschrëft: Demenz - verbonne bleiwen.
Verbonne bleiwen doduerch, datt mir de Mënsche mat Demenz op Aenhéicht a mat Récksiicht am Alldag begéinen, fir hinnen e Gefill vun Zougehéieregkeet a Sécherheet ze vermëttelen.
Weltwäit hunn iwwer 55 Millioune Mënschen Alzheimer. D'Tendenz klëmmt, well d'Populatiounen ëmmer méi al ginn.
Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?
Wat ginn et vun Hëllefen, fir engersäits Betraffener, an anerersäits der Famill vu kranke Persounen?
Wat bedeit et mat enger kranker Persoun ze liewen? Wat ass dee beschten Ëmgang mat hir?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. Invité beim Natasha Ehrmann ass den Denis Mancini vun der Alzheimer Lëtzebuerg Associatioun.