Den Hierscht ass do, an de Kierper stellt sech op déi kal Joreszäit an. An de Regaler gesäit ee faarwegt Uebst a Geméis. Wat ass déi adequat Ernärung déi dem Organismus bescht méiglechst vill Mineralien a Vitaminne gëtt? Wéi verschaffen ech d'Produiten? Wisou hëlt ee gären am Wanter u Gewiicht bäi a wéi kann een dat verhënneren?
D'Emissioun Am Fong liwwert Äntwerten. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.