All véier Joer bréngt d'Expogast d'Beruffer aus dem Horeca- an Horesca-Secteur zesummen, fir d'Konscht vum Kachen ze honoréieren. Donieft gëtt dat gréisste Kach-Championnat weltwäit organiséiert: de Culinary World Cup. E Weltchampionnat mat internationaler Renommée, bei deem eng 15 national Ekippe konkurréieren.
Wat bedeit esou e Concours fir Lëtzebuerg? Wéi preparéiert ee sech drop? Wat bréngt d'Meeschterschaft dem Secteur? Mam President vun der Jury, de Kach an Enseignant Carlo Sauber geet d'Natasha Ehrmann dëse Froen op de Fong.