Radioen

On air

Al Schanken  |  Golden Earring - Holy Holy Life (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Musek a Kultur / One World

/ Connecting people

Connecting people

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

D'Derya Yildirim mam Grupp Simsek huet en neien Album, deen "Dost 2" iwwerschriwwen ass, pueren Hunneg aus Anatolien!


Wann esou munch Integratiouns-Projete schwiereg sinn oder scheiteren, muss dat un der Handhabung leien, wéi Mënschen aus verschiddene Kulturkreesser zesummegeféiert ginn. De Beweis, datt et méiglech ass, verdäitlechen d'Artisten ëmmer erëm. Een esou e Projet ass "Sowal Diabi", dee sech mam Theema Migratioun ausenanersetzt, virun allem mam Kultur-Austausch als Beräicherung fir all d'Bedeelegter.


Connectioun an Austausch tëschent Museker aus verschiddene Kulturen och beim Kora Virtuos Ballaké Sissoko. Den Album "Djourou" koum d'lescht Joer eraus an Djourou bedeit fir den Artist, déi Säit, déi hie mat anere connectéiert.


De Keyvan Chemirani huet fir den Album "Hâl" säi Brudder Bijan, seng Schwëster Maryam an de Flüttist Sylvain Barou zesummebruecht fir eng Rees vun de persesche bei déi indesch Kläng, op hirem Wee passéiere si an der Bretagne, an Irland an a Schottland, an dobäi huet een hei ni d'Impressioun, datt onbedéngt e moderne Metissage erauskomme muss, mee et erkléngt en authenteschen Dialog.


Och de marokkanesch-belsche Sänger, Performer an Aktivist Jaouad huet et zu senger Missioun gemaach d'Mënschen zesummenzebréngen iwwer de Wee vun der Konscht an dem Dialog. Den Album "Messias" koum 2021 eraus.


De Steve Shehan ass e Weltebummler a Multi-Instrumentalist, virun allem awer Perkussionist. Mir héieren hei en Extrait aus "Visa Mundi", dat ass deen éischten Album vum Coffret "V.I.S", deen 2018 erauskoum.


Elouan Jégat alias Skøpitone Siskø ass e bretonesche Museker. Dir héiert en éischten Extrait vu senger Aktualitéit "Remember Tomorrow".


De Grégoire Jokic ass e franséische Pianist a Komponist, deen op sengem neien Album "Kairos" de Piano mat der Electro verbënnt.


Eriwwer mat den duusse Kläng ass et bei The Brian Jonestown Massacre hirem Helen Album "Fire Doesn't Grow on Trees". Et ass den 19. Studio-Album vun de Kalifornier.

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.