Seng gréisste Passioun, nieft dem Komponéieren, ass, aner Leit un d'Musek ze kréien, hinne Musek bäizebréngen, an der Haaptsaach d'Sangen.
Dat huet de Camille Kerger wärend ville Joren als Direkter vum INECC, dem Institut Européen de Chant Choral, gemaach.
De Camille Kerger huet Wierker fir verschidde Besetzunge geschriwwen, dorënner dräizéng Kompositioune fir Orchester, dräi Kammeroperen, anTheaterstécker mat Musek a Kanneroperen.
D'Musek huet hien trotz senger Pensioun, net ad acta geluecht. Wéi gesäit d'Liewe vum Camille Kerger haut aus? Wat huet hie nach alles wëlles? Wat vermëttelt hien haut neien Generatiounen?
D'Natasha Ehrmann geet de Froen op de Fong.