Perséinlech Assistenz ass eng Hëllef fir Mënsche mat enger Behënnerung, fir hinnen a verschiddene Beräicher vun hirem Liewen eng Stäip ze sinn. Assistente bidden Ënnerstëtzung an alldeeglechen Aktivitéiten.
Zum Beispill am Stot, op der Aarbecht, an der Schoul oder wärend Fräizäitaktivitéiten. Dëst erlaabt Persounen mat enger Behënnerung e selbstbestëmmt Liewen ze féieren. D'Persoun selwer entscheet wéini, wou a vu wiem si Ënnerstëtzung wëllt kréien - vun engem Hëllefs- oder Fleegeservice, oder si organiséiert eng onofhängeg Ënnerstëtzung iwwer Assistenten.
Wat awer genee heescht Assistenz? Wat steet am Gesetz doriwwer? Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg? D'Emissioun Am Fong geet deene Froen op de Fong mam Invité Sascha Lang. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.