Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Arômes Complexes

Arômes Complexes

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Den Argentinier Chancha Vía Circuito aka Pedro Canale huet elo säin neien a fënnefte Volllängt-Album "La Estrella" verëffentlecht, en Disk an Zesummenaarbecht ë. a mat Fémina.


Och de franséisch-brasilianeschen Duo LUIZGA & iZem huet eng Aktualitéit: "Yemamaya", wou en de grousse Caetano Veloso revisitéiert.


En nawell zimmlech aussergewéinlechen Album ass "Becoming Adomaa" vun der Adomaa, Musekerin, Performerin an Actrice aus dem Ghana. Hei héiere mir eng ergräifend Soul, déi mat bizaren Orchestratioune verbonne gëtt. Op dësem Album sengt si iwwer hir Zweiwel, Ängschten an deen Deel vun hirem Liewen, deen engem Zirkus gläicht.


D'Lidd "Unchained Melody" staamt aus dem Joer 1959. Den Alex North hat d'Musek geschriwwen an den Hy Zaret den Text. Eng richteg schéin Interpretatioun ass déi vum amerikanesche Gesang-Trio The Fleetwoods, dee vun den Enn 50er bis an d'80er Joren aktiv war.


De franséische Kontrabassist François Poitou weist haut nees op en Neits, datt hie keng Beréierungsängschte mat anere Genren huet. Op sengem neien Album "Arômes Complexes" begéint hien dës Kéier d'Rapperin Pumpkin, mam richtegem Numm Cécile Unia. D'Texter, déi geschriwwe goufen op Titelen, déi hien erausgesicht huet, setze sech mat Theemen ausenaner wéi d'Agespaart-sinn, der Introspektioun, soziale Rapporten an handelen och iwwer d'Lass-Loossen.


En anere Klassiker dës Kéier ass déi schéin Interpretatioun vum JJ Cale sengem "Cajun Moon", Titel, deen 1974 erauskoum, hei an den Hänn vum Jazz-Flüttist Herbie Mann zesumme mat der Sängerin Cissy Houston, erauskomm um Album "Surprises" 1976 bei Atlantic.


Eng vun de bekannte Fraen am Punk war d'Ari Up mat hirer Band The Slits. Si stoung op Musek aus Jamaika an huet an den 80er Joren ëmmer erëm mam Dub Produzent Adrian Sherwood geschafft. Kuerz virun hirem Doud huet si mat dësem zesummen un der Iddi geschafft, fir méi Diversitéit am Reggae an am Dub ze suergen. Et handelt sech ëm e Sampler, op deem ausschliisslech Fraen aus verschiddene Kulturkreesser hir Lidder selwer schreiwen an hire respektive Sproochen an och zum Deel d'Instrumenter spillen. Dëse Sampler koum elo eréischt dëst Joer, no enger laanger Virbereedungsphas, fir den 12. Doudesdag vun der Ari, eraus.


Just e puer Méint nom Album "Boleros Psicodélicos" mellt sech de Produzent a Gittarist aus dem Texas Adrian Quesada op en Neits mam Album "Jaguar Sound". 12 Titelen, instrumental Grooven, déi inspiréiert si vun de Soundtracks aus de 70er, dem Hip-Hop an der Soul. Den Disk kënnt den 18. November eraus.


Tatarstan ass eng autonom Republik a Russland, wou déi gréissten ethnesch Communautéit d'Tatare sinn. Hir traditionell Musek ass eng Mëschung ë. a aus tierkeschen, finneschen an och mongoleschen an ungareschen Aflëss. Wat dës Musek virun allem distinguéiert ass hir pentatonesch Skala, wéi mir se kenne vun de chineeseschen a vietnameesesche Museks-Traditiounen. Mir héieren d'Komponistin an d'Musekerin Karolina Cicha zesumme mam Multiinstrumentalist Bart Pałyga vum Album "Płyta Tatarska".


Playlist:



Chancha Vía Circuito & Femina - Cometa - La Estrella

LUIZGA & iZem - Alguém Cantando - Yemamaya - EP

Tim Bernardes - Beleza Eterna - Mil Coisas Invisíveis

Ian Lasserre - Mar Mirante - Sonoridade Pólvora

Adomaa - Circus - Becoming Adomaa

Melaine Dalibert - Six + Six - Shimmering

The Fleetwoods - Unchained Melody - Mr Blue

François Poitou & Pumpkin - Deux pieds dans le sable - Arômes Complexes

Herbie Mann - Cajun Moon - Surprises

Adrian Sherwood & Temi Oyedele - I Dupe (Thanks Giving) - Dub No Frontiers

Adrian Quesada - Noble Metals - Jaguar Sound

Karolina Cicha & Bart Pałyga - Tawga Bardim - Płyta Tatarska

Esbjörn Svensson - Alpha - HOME.S.

Ólafur Arnalds & Hania Rani - Woven Song - piano reworks - some kind of peace - piano reworks


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.