Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ be nice to people

be nice to people

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Déi éisträichesch Singer-Songwriterin huet dëse September hiren zweete Studio-Album verëffentlecht, "Harlequin". An der Zäit vum Lockdown huet si ugefaange sech als Clown ze verkleeden, fir d'éischt aus Spaass wärend Video-Schaltunge mat hire Frënn, duerno och op der Bün.


Francisco el Hombre ass eng Band aus Brasilien, benannt no engem Caractère aus dem García Márquez sengem Kult-Buch "100 Jahre Einsamkeit". Francisco el Hombre setze sech a fir d'Recht op Freed a fir d'Fräiheet, datt all Mënsch seng eegen Identitéit wielen däerf.


The Cat's Miaow ass eng australesch Indie-Pop Band, déi an eise Géigenden éischter onbekannt ass. Dëst Joer koum eng Anthologie eraus, "Songs 94-98", déi en excellente Choix erklénge léisst vun der Grupp hire schéinste Lidder. Eng Decouverte!


Nodeems de japaneschen Trompettist a Komponist Jun Miyake 2008 mat sengem Album "Stolen From Strangers" international Opmierksamkeet kritt huet an ë. a de Grand Prix vum däitsche Schallplattenpreis gewonnen huet, huet en dëst Joer säin neien Album "Whispered Garden" verëffentlecht, e Coup de Coeur!


Et gi Museker, déi eng universell Noriicht matdeele wëllen, beim Alabaster DePlume, mam richtege Numm Angus Fairbairn, ass dës "Be nice to people". Alabaster DePlume, engleschen Jazz-Museker, Saxofonist, Spoken Word Poet, Komponist an Aktivist.


De Sage Motel war eng mythesch Plaz zu San Francisco, déi sech an de 60er a 70er Joren zu engem Bohème-Treffpunkt entwéckelt hat. Kënschtler, Museker an all méiglech Vagabunden hu sech do erëmfonnt, vill Freed, awer och gebrachen Häerzer an aner Dramaen hu sech do tëschent de Maueren ofgespillt. En Album an Éiere vum Sage Motel huet déi psychedelesch Soul-Band Monophonics zesumme mam Kelly Finnigan ufanks dëst Joer verëffentlecht.


Den Album "Black Box" vum Nicolas Repac léisst eng richteg schéi Rees duerch déi verschidden Ausdrocksforme vum Blues erkléngen. Vun de Sklaven hiren Aarbechtslidder, déi den Alan Lomax an den 30er Joren opgeholl hat, iwwer e Bo Diddley bis zu der Saudade, den Nicolas Repac stellt d'Bluesvariatiounen aus der ganzer Welt vir.


Playlist:



Rachael Dadd - Moon Sails - Kaleidoscope

Sofie Royer - Court Jester - Harlequin

Adrian Quesada - Noble Metals - Jaguar Sound

The Mauskovic Dance Band - Zwaar - Bukaroo Bank

Francisco el Hombre - Triste, Louca Ou Má - Triste, Louca Ou Má /Single

The Cat's Miaow - Light the Beacon - Songs '94 - 98

Mazzy Star - Fade Into You - So Tonight That I Might See

Jun Miyake - The Jamestown Bridge - Whispered Garden

Built to Spill - Fool's Gold- When the Wind Forgets Your Name

Alabaster Deplume - Who Is a Fool - Gold

Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel - Sage Motel

Geoffroy - Life as It Comes - Live Slow Die Wise

Nicolas Repac - Redemption Blues (I Know His Blood Can Make Me Whole) - Black Box

The Black Keys - Good Love (feat. Billy F Gibbons) - Dropout Boogie


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.