Am Fong
De Service "Infomann" an den internationale Männerdag
43 min
2012 gouf op Initiativ vum Chancëgläichheetsministère an der Ministesch Françoise Hetto-Gaasch de Service ''Infomann'' presentéiert. Dëse Freideg, den 18. November vu Nomëttes 2 Auer un ass Porte ouverte bei ''Infomann''. An e Samschdeg den 19. November ass den internationale Männerdag deen 1999 agefouert gouf, an och vun der UNO, de Vereenten Natiounen ënnerstëtzt gëtt. Dat si Grënn genuch fir d'ASBL ''Infomann'' a stellvertriedend de Responsabele vum Service Francis Spautz an d'Emissioun Am Fong ze invitéieren.