Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ A Certain Trip

A Certain Trip

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Beim japanesche Pianist Koki Nakano geet et ëm d'Gefill vun der Ambiguitéit an der Sich no Harmonie op sengem Album "Oceanic Feeling".
Den italieenesche Batteur Simone Prattico geet kreativ Kollaboratiounen an, notamment mam Paolo Fresu oder Piers Faccini.
Reflexiounen iwwer de Fridden héiere mir vum franséischen Jazz-Museker Guillaume Perret.
E Gefill, dat net auszehalen ass, an dofir ass et besser sech dout ze stellen, fir datt et eriwwergoe kann, dorëms geet et bei "I Play Dead".
Wann eng Musek eng Faarf huet, da lauschtere mir hei Reflexiounen zu Lila vum Titi Robin, eng Faarf mat méi Bedeitungen, notamment der Harmonie tëschent Bescheidenheet a Muecht.
Heiansdo ginn et méi Froe wéi Äntwerten, esou ass et bei der Leyla McCalla hirem Album "Breaking the Thermometer": wéi gesäit Demokratie aus, wiem déngt se a wéi laang ass se oprecht ze erhalen? Eegekompositioune verbonne mat Archivmaterial vu Radio Haiti huelen eis hei mat an déi beweegte Geschicht vum Land a sengem Vollek.
Eng beweegten Aktualitéit erliewen och d'Mënschen an Tunesien an ëmmer erëm geet et ëm Muecht. Ëm Fridden a Positivitéit awer geet et der tuneesescher Formatioun Ÿuma um Album "Hannet Lekloub".
Kläng iwwer d'Metamorphosen vum Vide héiere mir vum Chapelier Fou, iwwer d'Zerstéierung, déi en Hurrikan mat sech bréngt, dat ass d'Theema beim Kronos Quartett zesumme mat der Laurie Anderson oder Kläng iwwer den atlanteschen Ozean, dee Kuba vum Senegal trennt, a wou dës Distanz awer méi kleng gëtt, well Mënschen déi selwecht Connectioun mat hire Virfaren deelen, wéi den Omar Sosa a Seckou Keita.
Léift ass dat zentral Theema an deene meeschte Museken. Et kann een och engem Instrument seng Léift erklären, sou wéi de Ballaké Sissoko senger Kora.
Gewieft mat de Fiedem vun destabiliséierenden Erfarungen an awer och
den Opportunitéiten, déi sech dorausser erginn, huet déi franséisch Sängerin Marion Rampal hiren Album "Tissé".
"Mariposa", dat si Päiperleken a mat dëser Liichtegkeet vum Quartett Yodi wënscht d'Cynthia Hornick schéi Feierdeeg!

Playlist:


Koki Nakano - External Cephalic Version - Oceanic Feeling
Simone Prattico & Paolo Fresu - Word of Mouth/Single
Guillaume Perret - Peace - A Certain Trip
Jacqui Dankworth & Brodsky Quartet - Play Dead (Arr. for Voice & String Quartet) - Rocking Horse Road
Titi Robin - Lila - Ces vagues que l'amour soulève
Simone Prattico - Luna Nera - Luna Nera
Leyla McCalla - Ekzile - Breaking the Thermometer
Ÿuma - Denia Dour - HANNET LEKLOUB
Chapelier Fou - Les métamorphoses du vide (Ensemb7e Version)
Kronos Quartet & Laurie Anderson - Our Street Is a Black River - Landfall
Omar Sosa & Seckou Keita - Voices on the Sea - Suba
Ballaké Sissoko - Djourou (feat. Sona Jobarteh) - Djourou
François Poitou - Layem (feat. Emel Mathlouthi) - Le sec et la lune
Marion Rampal - Passe-Montagne - Tissé
Yodi - Mariposa - Mariposa - Single
Bachar Mar-Khalifé - Lira - On / Off

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow