Am Fong
SOS Détresse - Hëllef iwwer Telefon an online
56 min
SOS Détresse hëlleft op vertraulech Manéier deene Matbierger, déi Rot sichen, sief et wa si an enger akuter Kris stiechen oder fir bei anere Problemer a Suergen nozelauschteren. Onkomplizéiert an diskret, iwwer Telefon an online. Iwwer d'Nummer 454545 oder 454545.lu.
Wien de Kontakt gären huet, wien un tëschemënschleche Relatiounen interesséiert ass, a Krisesituatiounen ze geréiere weess, ka sech bei SOS détresse als Benevolle mellen. Den 12. Januar fänkt eng nei Formatioun un.
Den anonymme Berodungsdéngscht SOS Détresse gouf Mëtt den 1970er Joren gegrënnt mam Zil eng telefonesch Ecoute u Persounen an Nout ze bidden.
An dësen Zäiten hunn ëmmer méi Leit Ängschten déi se verbaliséiere wëllen. Dofir sicht SOS Détresse éierenamtlech Fräiwëlleger, a forméiert Mënschen fir mat de Suergen, vu Friemen ëmzegoen.
Wéi dat geet ? Wat fir eng Viraussetzungen si gefrot, wéi verleeft d'Formatioun?
D'Emissioun Am Fong geet den Äntwerten op de Fong.