Am Fong
Inklusioun - Aktiounsplang 2.0
56 min
Inklusioun geet eis all eppes un! Mat där Iwwerschrëft titelt d'Regierung den Aktiounsplang 2.0. Ee Plang, deen 2019 lassgetrëppelt gouf a bis 2024 gëllt. But vum Aktiounsplang ass eng grouss Panoplie vu Léisungen ze fannen, déi jiddwerengem et erméiglechen an enger inklusiver an oppener Gesellschaft ze liewen, déi vun Diversitéit gekennzeechent ass.
Mënsche mat Behënnerung sollen d'Méiglechkeet hunn, hiert Liewe fräi ze gestalten. Dofir brauche si awer Ënnerstëtzung fir selwer iwwer hiert Liewen bestëmmen ze kënnen, et geet also ëm Autonomie. Eent vun der Behënnerte-Beweegung zu Lëtzebuerg staark gefuerdert Theema bleift d'Selbstbestëmmung.
Laut dem Aktiounsplang solle bis 2024 eng ronn 97 Mesuren ëmgesat ginn. Fir déi verschidden Etappe vum Plang besser evaluéieren ze kënnen, koum an dësem Aktiounsplang een Tëscherapport eraus. Een externen Auditeur, KPMG, krut den Optrag an huet gëschter (21.12.) de Rapport presentéiert.
Wat ass bis ewell ëmgesat? Wou si mir drun? Wat bleift ze maachen? Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mam Invité Sascha Lang.