D'radio 100,7 Podcast-Serie geet der Fro no, wéi eescht mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem huelen.
"Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg si ganz fréi virbestëmmt". Dëse Saz aus dem leschte Bildungsbericht ass den Ausgankspunkt vun enger journalistescher Recherche iwwer Inegalitéiten am Schoulsystem, déi d'Pia Oppel an de Pierre Reyland duerchgeféiert hunn. An der Serie huele si Iech mat op eng Rees an d'Schoulwelt vu gëschter an haut. Kanner, Elteren, Enseignantë verzielen, firwat an der Grondschoul scho villes schif leeft. A wat een dorunner kéint änneren.
An der sechster a leschter Episod vu "Schlechte Schüler" geet et ëm sozial Inegalitéiten an eisem Schoulsystem. An dorëms, wéi besser situéiert Eltere am Interessi vun hire Kanner Afloss huelen. Mir huelen Iech dofir mat an de Garer Quartier an der Stad.
Dir fannt déi sechs Episode vum "Schlechte Schüler" och Online. Op 100komma7.lu, grad wéi op Apple Podcasts, Spotify an iwwerall, wou et soss nach Podcaste gëtt.