En Ausbléck op d'Lëtzebuerger Participatioun um gréissten europäesche Showcase Festival. No zwee Joer online-Festival ass endlech nees eng physesch Versioun am hollännesche Groningen. Eng 350 Acts wäerten dëst Joer optrieden.
An der Emissioun gitt Dir gewuer, firwat dëse Festival esou wichteg ass, wat gebuede gëtt, wien dohinner geet, a wat d'Lëtzebuerger Museker:inne sech erwaarde kënnen.
D'Natasha Ehrmann am Gespréich mam Rapper Maz, der Indie Rock Band Tuys an dem Yves Stephany.